5
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
11. Ouschtercup

Organisatiounscomité Ouschtercup
COOC 2014

V.l.n.r.: Pascal Wagner, Pedro Oliveira, Luca Ontano, Irene Dhur, Martine Biever, Guy Weyer, Marc Volkmann, Marco Bertamé, Jupp Biever
Op der Photo feelt de Marc Even


2013 war eis 10. Editioun vum Ouschtercup. Mat engem flotte Galamatch fir Cadets tëscht dem FCM an dem FC Metz dee vun engem ganz offizielle Vernissage vun eiser Photosausstellung suivéiert ginn ass, hat de COOC eist erfollegräicht Turnéier agelaut. Am ganze waren déi zwee Deeg nees bal 100 Équipen zu Monnerech vertrueden.

Abee, och dëst Joer huet de COOC eng schéin Affiche op d'Been bruecht an huet  et nees fäerdeg bruecht e Supergéigner op Monnerech fir eise Galamatch fir Cadets ze lackelen. Et ass dëst den FSV Mainz 05. Reservéiert iech also elo schonns den Ouschterweekend woubäi de Galamatch traditionell op Karfreideg ausgedore gëtt. Dat ass den 18/04/2014 um 17:00 Auer.

Ouschtersonnden den 20/04/2014 ass vun 14.00 Auer u fir Minimes a Scolaires programméiert  

iwwerdeems
 
Ouschterméinden den 21/04/2014 fir Bambinis, Poussins a Pupilles vun 8.30 Auer un um Site vum Stade Communal zu Monnerech reservéiert ass.
   
Natierlech ka jidderee sech an eisen gehëtzten Zelter esou richteg wuelfillen. Och wann et dobaussen e wéineg méi kal ass.

Brochure OC 2014