2
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
13. Ouschtercup

Den Organisatiounscomité (COOC 2016)
V.l.n.r.: Thomas Muller, Marco Bertamé, Nathalie Müller, Marc Volkmann, Irene Dhur, José Dhur, Martine Biever, Jupp Biever, Marlène Bertamé an Pascal Wagner


2015 war nees eng ganz erfollegräich Editioun vun eisem Ouschtercup. Mir haten mat Banana (Sim by Join) en neien Partner als Haaptsponsor an dat gëtt och dëst Joer nach weider gefouert A well eise Galamatch mat uschléissender Opening Party op Karfreiden esou een groussen Erfolleg war, hunn mir decidéiert dat fir 2016 nach weider aus ze bauen.

Karfreiden den 25. Mäerz 2016 ass deemno de Galamatch fir U18 wou mir och dës Kéier mat dem FSV Salmrohr nees eng flott Affiche organiséiert hunn. De Match geet um 18:00 Auer un. Duerno ass Präisiwwerreechung am gehetzten groussen Zelt wou et och z'Iessen an ze drénken gëtt, awer och wéi gesot Party mat vill Ambiance mam DJ Dirty Sánchez.

Ouschtersonndeg den 27/03/2016 geet et dann um 14.00 Auer esou richteg mam Ouschtercup Turnéier fir Minimes a Scolaires lass

iwwerdeems
 
Ouschterméindeg den 28/03/2016, Bambinis, Poussins a Pupilles vun 8.30 Auer un um Site vum Stade Communal zu Monnerech fir déi prestigiéis Coupen kämpfen.
 
Natierlech ka jidderee sech, och wann et dobaussen e wéineg méi kal sollt sinn, an eise gehëtzten Zelter oder esou richteg wuelfillen. Do gëtt et ze drénken an ze Iessen. Och uewen op an eisem Club House, wou der eng flott Vue op den Terrain hutt, gitt der gutt versuergt. Do sinn och d'Gewënner vun eiser Tombola opgeriicht. Ouschtersonnden an Ouschterméiden ass iwwregens während deem ganzen Turnéier fir Ambiance gesuergt. Eisen Ouschterhues ass permanent ënnerwee an eisen Haaptsponsor "Join" ass och mat senger Équipe an engem Dschungelzelt op der Plaz. Si all suergen fir Ënnerhalung. McDonald's ass och nees mat engem Sprangschlass op der Plaz an huet och e Bodypainting Atelier an eng ganz Rei aner Aktivitéiten an Spiller fir Kanner.

An hei nach den Ouschtercup um Radio an der Sendung vum 23/03/2016 mam Patrick Greis an mam Gérard Valerius

Zeréck bei Ouschtercup