3
New here? Sign up now! |
 
Sport50
You're not a fan of FC Mondercange yet...
14. Ouschtercup
COOC 2017

De COOC 2017

3. Rei: Marco Bertamé, Pascal Wagner, Rui Lopes, Jean-François Vedie
2. Rei: Gianni Galasso, Thomas Muller, Jupp Biever, José Dhur
1. Rei: Martine Biever, Irene Dhur, Félicie Grün, Marlène Bertamé

Et feelen op der Photo: Marc Volkmann an Marc Depienne


2016 war trotz dem mëttelméissegem Wieder nees eng erfollegräich Editioun vun eisem Ouschtercup. Banana (Sim by Join) war grad wéi 2015 eisen Haaptsponsor an dat gëtt och nach fir 2017 weider gefouert.
2017 maachen mir kee Galamatch méi als Opening vum Ouschtercup mä en 4 Natiounen Turnéier fir U18 Équipen. Je eng aus Frankräich, Däitschland, Holland an eben den FC Monnerech. Mätscher sinn um 17 Auer (FCM - FC Thionville), um 18 Auer (RKSV Merefeldia-Nederweert - SJG Saarlouis-Dillingen), um 19 Auer (fir déi 3. Plaz) an um 20 Auer (Finale). Uschléissend ass Präisiwwerreechung an Opening Party mat engem Béier Pong Turnéier am gehëtzten Zelt. Den Opening ass op Karfreiden de 14. Abrëll 2017.

Ouschtersonndeg den 16/04/2017 geet et dann um 14.00 Auer esou richteg mam Ouschtercup Turnéier fir Minimes a Scolaires lass

iwwerdeems
 
Ouschterméindeg den 17/04/2017, Bambinis, Poussins a Pupilles vun 8.30 Auer un um Site vum Stade Communal zu Monnerech fir déi prestigiéis Coupen kämpfen.
 
Natierlech ka jidderee sech, och wann et dobaussen e wéineg méi kal sollt sinn, an
eise gehëtzten Zelter oder esou richteg wuelfillen. Do gëtt et ze
drénken an ze Iessen. Och uewen op an eisem Club House, wou der eng
flott Vue op den Terrain hutt, gitt der gutt versuergt. Do sinn och
d'Gewënner vun eiser Tombola opgeriicht. Ouschtersonnden an
Ouschterméiden ass iwwregens während deem ganzen Turnéier fir Ambiance
gesuergt. Eisen Ouschterhues ass permanent ënnerwee an eisen
Haaptsponsor "Join" ass och mat senger Équipe an engem Dschungelzelt op
der Plaz. Si all suergen fir Ënnerhalung. McDonald's ass och nees mat
engem Sprangschlass op der Plaz an huet och e Bodypainting Atelier an
eng ganz Rei aner Aktivitéiten an Spiller fir Kanner.

Zeréck bei Ouschtercup

Cadets FCM 2016-2017

Cadets FCM 2016-2017


Cadets FC Thonville 2016-2017

FC Thionville


Cadets SJG Dillingen-Saarlouis 2016-2017

SJG Saarlouis-Dillingen


Cadets RKSV Merefeldia-Nederweert 2016-2017

RKSV Merefeldia-Nederweert