6
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
5. Wantercup

Affiche Wantercup 2011

Wéi all Joer huet d'Jugendkommissioun 2011 nees eng Kéier de McDonald's Wantercup an der Monnerecher Sportshal organiséiert.

Gespillt gëtt de ganze Januar duerch. Hei déi eenzel Terminer:
   
08/01: Cadets, Hesper wënnt
3. Plaz fir FCM A a 5. Plaz fir FCM B

09/01: Pupilles, FCM A wënnt
FCM B gëtt déi 5.

15/01: Scolaires, den SC Beetebuerg wënnt
3. Plaz fir FCM A a 6. Plaz fir FCM B

22/01: Poussins, den Avenir Beggen wënnt
2. Plaz fir den FCM A a 6. Plaz fir den FCM B

23/01: Bambinis, Progrès Nidderkuer wënnt
3. Plaz fir den FCM

29/01: Minimes, den FCM wënnt

30/01: Pappen, eis FCM Pappen wannen
   
D'Turnéier ginn ëmmer um 9:00 lass. Moies fréi gëtt et schonns Kaffi a Mëtschen an der Buvette. A fir den Apéritif virum Iessen ass och gesuergt. Kee Gronn also net ze kommen.

Mir zielen op iech well wéi üblech ass ëmmer eppes lass wann eis Monnerecher Jonge spillen. Kommt, an ënnerstëtzt eis Jongen.
Iwwregens, den 30. Januar, wann d'Pappe spillen, ass och grouss Ambiance ugesoot.

Zeréck bei Wantercup