2
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
6. Wantercup

Affiche Wantercup 2012

D'Jugendkommissioun vum FC Monnerech feiert grad hir 20 Joer Bestoe an huet fir 2012 déi 6. Oplag vum McDonald's Wantercup an der Monnerecher Sportshal organiséiert.

Gespillt gëtt am Januar an am Februar 2012. Hei déi eenzel Terminer:
   
- 14/01 um 09:00, Minimes:
  1. a 5. Plaz fir den FCM. De Swift Hesper gëtt Zweeten

- 15/01 um 09:00, Scolaires:

 2. an 3. Plaz fir den FCM. Den CS Fola wënnt

- 21/01 um 09:00, Pupilles:
  2. a 6. Plaz fir den FCM. Den FC Schëffleng 95 wënnt

- 22/01 um 09:00, Poussins:
 2. a 6. Plaz fir den FCM. US Sandweiler wënnt

- 11/02 um 09:00,  Cadets:
  4. a 5. Plaz fir den FCM. Den SC Beetebuerg wënnt

- 11/02 um 13:30, Bambinis:
  3. Plaz fir den FCM. den FC Déifferdeng 03 wënnt

- 11/02 um 18:00, Pappen:
  3. Plaz fir FCM Pappen. FCM Veteranen wannen
    
Moies fréi gëtt et schonns Kaffi a Mëtschen an der Buvette vun eiser Sportshal. A fir den Apéritif virum Iessen ass och gesuergt. Kee Gronn also, net ze kommen.
D'Pappen vun eise Jongen, kréien och nees hiert Turnéier. Do gëtt et ëmmer schéi spannend. Si maachen den Ofschloss vum McDonald's Wantercup 2012

Mir zielen op iech well wéi üblech ass ëmmer eppes lass wann eis Monnerecher Jonge spillen. Kommt, an ënnerstëtzt eis Jongen.

Zeréck bei Wantercup