6
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
7. Wantercup

Affiche Wantercup 2013

D'Jugendkommissioun vum FC Monnerech organiséiert och 2013 nees traditionell de Wantercup an der Monnerecher Sportshal. Dës Kéier geet alles an engem Weekend iwwert d'Bühn, vu Freides Owes bis Sonndes Owes.

Gespillt gëtt de Weekend vum 11. bis den 13. Januar 2013:
   
- Freiden den 11/01 um 18:00, Scolaires: 1. & 5. Plaz

- Samschden den 12/01 um 09:00, Minimes: 3., 5 & 6. Plaz

- Samschden den 12/01 um 14:00, Pupilles: 2. & 6. Plaz

- Samschden den 12/01 um 18:00, Pappenturnéier: 2. Plaz

- Sonnden den 13/01  um 09:00, Poussins: 3. a 6. Plaz

- Sonnden den 13/01 um 14:00, Bambinis: 1. & 6. Plaz

   
Mä awer och nach de Samschden den 2. Februar gëtt nach gespillt. Dann näämlech sinn eis Cadets um Tour.
 
- Samschden den 02/02 um 09:00, Cadets: 1. Plaz

Moies fréi gëtt et schonns Kaffi a Mëtschen an der Buvette vun eiser Sportshal. A fir den Apéritif virum Iessen ass och gesuergt. Kee Gronn also, net ze kommen.
 
D'Pappen vun eise Jongen, kréien och nees hiert Turnéier. Si suergen wéi ëmmer fir eng gutt Ambiance an hei gëtt et ëmmer schéi spannend. Dat muss ee gesinn, well dat ass bal wéi eng Weltmeeschterschaft.

Mir zielen op iech well wéi üblech ass ëmmer eppes lass wann eis Monnerecher Jonge spillen. Kommt, an ënnerstëtzt eis Jongen.


Zeréck bei Wantercup