2
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
9. Wantercup
Technik a Schnellkeet an der Hal

Technik a Schnellegkeet sinn an der Hal gefrot


Offiziell Affiche

Och wann dës Kéier keen Haaptsponsor méi u Land gefëscht konnt ginn, esou organiséiert d'Jugendkommissioun vum FC Monnerech och 2015 nees traditionell de Wantercup fir Jugendéquipen an der Monnerecher Sportshal. Et geet nees alles an engem Weekend iwwert d'Bühn, vu Freides (9/1) Owes bis Sonndes (11/1) Owes. Just d'Cadets spillen de Weekend drop.

Gespillt gëtt de Weekend vum 9. bis den 11. Januar 2015:
   
- Freiden den 09/01 um 18:30, Scolaires: 3. & 6. Plaz

Samschden den 10/01 um 08:45, Minimes: 3., 6. & 8. Plaz

- Samschden den 10/01 um 14:00, Pupilles: 1., 4. & 8. Plaz

Samschden den 10/01 um 18:30, Pappenturnéier: 3. Plaz


- Sonnden den 11/01  um 08:45, Poussins: 4. & 6. Plaz
 
- Sonnden den 11/01 um 14:00, Bambinis: 6. & 7. Plaz

Mä awer och nach de Samschden de 17. Januar 2015 gëtt nach gespillt. Dann näämlech sinn eis Cadets um Tour.
  
- Samschden den 17/01 um 09:00, Cadets: 4. & 8. Plaz
 
  
Moies fréi gëtt et schonns Kaffi a Mëtschen an der Buvette vun eiser Sportshal. A fir den Apéritif virum Iessen ass och gesuergt. Kee Gronn also, net ze kommen.
  
D'Pappen vun eise Jongen, kréien och nees hiert Turnéier. Si suergen wéi ëmmer fir eng gutt Ambiance an hei gëtt et ëmmer schéi spannend. Dat muss ee gesinn, well hei geet et ëm Alles, je et ass bal wéi op enger Weltmeeschterschaft!

Mir zielen op iech well wéi üblech ass ëmmer eppes lass wann eis Monnerecher Jonge spillen. Kommt, an ënnerstëtzt eis Jongen.
De Wantercup 2014 fann der och op mywort.lu

Zeréck bei Wantercup