5
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
Historique

D'Jugendkommissioun

D'Jugendkommissioun vum FC Monnerech gouf mat folgender Opstellung Enn 1991 gegrënnt :

President :     KIRSCH Pol

Memberen :   BERNAR Cathy, FERRINI Vincenco, FUERPASS Jeannot, GALASSO Liane, LOGELIN Victor (+), THINNES Roger (+) a WEYER Annette

Trésorier :      WEYER Guy

Secretairen : SIEGEL Jeanne a Mireille

Éischten mouvement de caisse: 06/12/1991

Vun 1992 bis 1998 woar den ORLANDO's Jang President vun der Jugendkommissoun.
Duerno ass se ënnert der Tutuelle vum FC Monnerech gefouert gin.
De Greg BOSSAERT, d'Sylvie DICKES an de Robert FUNCK woaren d'Vertrieder vun der Jugendkommissioun.

2001 ass de Victor THEIS President gin.

Vun 2003 un ass de Jean-Paul THOMAS President

Secrétairen woaren der Rei no den Jeannot FÜRPASS, d'Lydie JUNG an duerno de Maurizio ALUNNI assitéiert vum Liane GALASSO.
Vun 2006 un ass de Marc VOLKMANN Secrétaire

Vun Ufank un (a jo, dat ass eng schéi Leeschtung!) ass de Guy WEYER Trésorier

Activitéiten:
Et ass uganng mat de Poussins a Scolaires. Duerno mat de Minimes à 7
1996 : Pupilles, Poussins, Minimes, Scolaires a Juniors

All Joers organiséiert d'Jugendkommissioun eng Chrëschtfeier wou all eis Jugendspiller e Cadeau kréien.

Vun 1991 bis 2002 ass e Kannerfuesbal organiséiert gin.

Organisatioun vun 18 Turnéieren, dovunner 5 Ouschterturnéier an dann nach aanerer fir Päischten a fir Christihimmelfahrt.

Bedeelegung bei Turnéieren am Ausland:
  - 3 mol zu Saint Amour ( Jura )
  - 2 mol zu Lyon
  - 1 mol zu Düsseldorf
  - 1 mol op der Costa Brava
  - 1 mol zu Clermont Ferrand

Ausflig fir Jugendspiller: 
Phantasialand, Grottes de Haan, Kaiserslautern, Bochum


10/05/1999: McDonald's get Sponsors vun der Monnerecher Jugend.
An der Halschent vum Match Monnerech – Jeunesse iwwereescht McDonald’s eise Judendspiller Uniformen

McDonald's war bis d'Saison 2010/2011 Haaptsponsor vun der Jugend. Dann ëmmer nach Sponsor op der uniform. Haaptsponsor ass vun der Saison 2011/2012 un Alliance Intérim ginn. E grousse Merci un si vun dëser Plaz aus.

Jugendkommissioun 2004-2005

Jugendkommissioun 2007-2008

Jugendkommissioun 2009-2010

Jugendkommissioun 2011-2012

Jugendkommissioun 2014-2015

Jugendkommissioun 1992-1993

Am Bild

Vu lénks no riets:
LOGELIN Vic (+), WEYER Guy, KIRSCH Paul, WEYER Annette, FÜRPASS Jeannot, GALASSO Liane, ORLANDO Jean, FERRINI Vincenzo


Jugendkommissioun 2000-2001

Jugendkommissioun 2003-2004

Jugendkommissioun 2006-2007

Jugendkommissioun 2008-2009

Jugendkommissioun 2010-2011

Jugendkommissioun 2012-2013

Jugendkommissioun 2015-2016

FUTSAL: Pupilles gi Vize-Champion 2006/2007

 
Et woar dëst e flotte Cru.

Si woare souverän bis an d'Finale komm an et woar eng gutt Ambiance an der Équipe a ronderem.

Um Ënn si si knapp hannert Déifferdeng op déi zweete Platz komm.

Dat woar richteg gutt wat eis Bouwen do fäerdeg bruecht hunn.

Bravo Jongen, dat woar e stoarkt Stéck Monnerech!


Ënnert dem Trainer Daniel Bauster hunn an dëser Erfollegséquipe gespillt:

Ben Musquar, Luca Berthold, Max Bertamé, Jan Ostrowski, Eric Galleto, Tom Volkmann a Max Welfring

FUTSAL: Pupilles gi Vize-Champion 2007/2008

 
Pupilles 2007/2008 mat hirem Trainer Serge Milbert


Grad wéi Pupilles dat Joer virdrunn, haten och dem Serge Milbert seng Jongen e schéine Parcours a sollten an der Finale um Ënn och just déi Zweet gin wat awer e ganzt bemierkenswäert Resultat ass.

Bravo fir déi gutt Leeschtung, Jongen.

Cadets: Champion 2007/2008

 
D'Entente Monnerech/Schuller gëtt den 8. Juni 2008 Champion bei de Cadets.
Et ass déi éischt Jugendéquipe vu Monnerech déi dat färdeg bréngt. Gläichzäiteg huet den FC Monnerech seng 75 Joer gefeiert.

An hei d'Jongen déi dobäi waren:
 
- ALUNNI Alessandro
- CONRATH David
- COVELLA Christophe
- DE SOUSA Christophe
- DEPIENNE Marc
- RUPPERT Kevin
- GODEFROY Ben
- FABER Eric
- VEIGA David
- HESS Pit
- LATERZA Tom
- KITENGE Dimitri
- HESS Rick
- LOGELIN David
- DESSI Andrea
- DEFAY Tom
- PIRES Jose
- GOURP Remi
- HAUX Sven
 
Erfollegstrainer: SILVESTRINI Jos (Pé)
Co-Trainer: ALUNNI Mauri
Goalkeepstrainer: LOGELIN Jupp
Kiné: MULLER Marcel
 
Photoë zu der Finale, an der Galerie

Milan Junior Camp zu Monnerech

 
Vum 14. bis den 25. Juli 2008 woar fir d'éischte Kéier den AC Mailand zu Lëtzebuerg fir e Jugendstage of ze halen. Professionnell Traineren hu während deenen zwou Wochen bal 200 Jugendspiller vu 6 bis 15 Joer encadréiert.

Dat woar eng eemoleg Experienz fir déi Jongen a Meedercher déi do woaren. Zum Schluss gouf et nach eng flott Ofschlossfeier.

2009: D'Jugendkommissioun setzt sech sozial an

 
Dat heiten ass eng ganz flott Geschicht déi de soziale Volet vun der Jugendkommissioun vum FC Monnerech geschriwwen huet:

Wéi virun 2 Joer den Här Kiermeier vu McDonald’s eise Jugendéquipen nei eenheetlech Uniforme gesponsert huet, sollten déi Aal zerstéiert ginn.

Op Initiative vun eisem Trésorier Guy Weyer hu mir awer gemengt do kéint een eppes Nëtzleches dermat maachen a mat dem Här Kiermeier sengem Accord hu mir no laangem Hin an Hir iwwer Internet Kontakt mam Här Thierry Duffour opgeholl.

Hien huet just Équipementer fir e klengt Dierfchen (DjinackBara) am Senegal wou hie sozial engagéiert ass, gesicht.

Aus deene verschiddenen Uniformen hu mir him dat Bäscht erausgesicht an iwwerreecht.

Elo loung de Ball bei him an hien huet seng Aarbecht dann och gemeet wéi mir op deene Photoe gesinn déi hien eis matbruecht huet.

Wann een déi Fred an de Gesiichter vun deene Jonge gesäit, da gi mer eis bewosst, dass dat laangt Sichen a Beméien e Sënn hat.

Den Här Dufour huet eis och Colliere matbruecht wou die Jonk aus dem Duerf selwer gemeet hunn an déi fir eis Bambinis a Pupilles als klenge Merci geduecht sinn.

Bravo jiddefalls fir déi flott Iddi an, dass et esou Aktiounen nach gëtt mat deenen ee Freed ka verbreeden. Einfach super!

D'Jugendkommissioun éiert eis éischt Équipe

 
De Sonnden de 17. Mee 2009 huet d 'Jugendkommissioun eis éischt Équipe fir hiren Opstiig an't BGL Ligue geéiert.


Firum Match haten eis Jugendspiller sech all op den Terrain opgestallt esou, dass d'Spiller vun den éischten Équipen vu Rouspert a Monnerech tëscht si hu laafe missen fir an't Mëtt vum Terrain ze laafen.

Et wor deen zweetleschte Match am Chapionnat vun der Éierenpromotioun an et wor schoons virdrunn gewosst, dass Monnerech dest Joer steige géif.

Nodeems déi ganz Monnerecher Équipe inklusiv deem ganze Kader a Staff op den Terrain gelaf woren, krut de Kapitän, de Stéphane Pasqualetto, e schéine Bouquet Blummen vun deem wonnerschéinen Chiara Hoffmann iwwerreescht. Dest wor de Geste vun der Jugendkommissioun un eis Équipe Fanion déi wéi gesot dëst Joer nees an't BGL Ligue gepackt huet.
Eis ganz Jugend huet et sech net huele gelooss an huet der ganzer Équipe félicitéiert a jidderengem d'Hand ginn. Dat wor esou wuel fir eis Jugendspiller flott wéi och fir déi ganz éischt Équipe déi dat och appréciéiert hunn.

Duerno huet natiirlech och d'Gemeng eis éischt Équipe geéiert a jidderengem e Bouquet Blummen iwwerreescht.

Minimes gi Vize-Champion 2008/2009

 
De 19/05/2009 haten dem Tun Scholtes seng Minimes hirem "Parcours sans faute" d'Kroun opgesat andeems si dee schwéieren a kapitalen Auswärtsmatch op Hesper mat 4-2 wanne ginn.
Domatten hate si schonns virzäiteg d'Finale vum Championnat vum 20. Juni géint den RFCUL erreecht.

An der Finale sollten eis Jongen awer net déi néideg Chance hunn a si verléieren dee Match mat 0:3 géint en RFCUL deen einfach ze staark fir eis Jonge wor.

Et bleift awer um Enn vun enger laanger Saison ze ënnersträichen, dass eis Minimes wéi en Dreamteam gespillt hunn an an der ganzer Saison keen offizielle Match verluer haten. Keen an der Coupe a keen am Championnat, ausser leider deen an der Finale.

An der Hironn sinn eis Jongen op déi zweete Plaz komm an hunn a 9 Matcher 7 mol gewonnen an 2 mol gläich gespillt. Golverhältnis wor 45:3!
Just Hesper wor besser an hat 8 mol gewonnen a just e mol (géint den FCM!) gläich gespillt.

An der Réckronn sin si du bei déi beschten Équipë komm.
Et sinn zwou Gruppe vu je 5 Équipë gemaacht gi. Déi bescht Équipe aus jidder Grupp huet um Enn an der Finale gespillt.

Hei d'Ennklassement vun der Réckronn:

Plaz     Équipe                 Punkten     Gewonn/Gläich/Verluer     Goaler     Differenz
  1.    FC Monnerech             28                     9/1/0                             23:5          +18
  2.    Swift Hesper                19                      6/1/3                            18:9            +9
  3.    F91 Diddeleng             19                      6/1/3                            17:12          +5
  4.    Jeunesse Esch                9                      3/0/7                            18:24          -6
  5.    US Rëmeleng                 7                      2/1/7                             15:21          -6
  6.    Ent. Lëntgen/Miersch   5                      1/2/7                               5:25        -20
 

Championnat: 19 Mätscher ouni Néierlag
Coupe bis an 1/4 Finale: 4 Mätscher ouni Néierlag
Am ganzen deemno 23 Mätscher ouni Néierlag virun der Finale.

Bravo Jongen.
Dat wor eng genial Saison an där sidd e stoarkt Stéck Monnerech!

Hei eis Jongen virun der Finale vum 20. Juni 2009 géint den RFCUL, wou se wéi Gladiatore aus der Kabinn kommen.

An hei nach déi wou am Laf vun der Saison um Erfollëg bedeelegt woren:

Scholtes Tun(Trainer) an Hoffmann Mike (Co-Trainer)

Blom Max, De Marini Gino, Dhur Joshua, Hengen Maxime, Hoffmann Kevin, Jost Louis, Muller Alessio, Penning Gil, Roulez Valentin, Scholtes Olivier, Schonckert Alex, Steffen Tom, Thomas Jean-Philippe, Van den Bossche Tom, Veiga Eric, Bertamé Max

Ent. Schuller/FCM, Scolaires Coupe-Finalist 2008/2009

 
E ganz grousse Bravo un eis Entente Schuller/Monnerech déi vum Trainer Tun De Sousa ganz gutt gecoacht goufen.

Op Nationalfeierdag hate si nach gutt gefeiert no hirem iwwerzeegenden 4:1 géint Beetebuerg an der halwer Finale.

4 Deeg drop (27/06/2009) hu si zu Kielen an der Finale géint Péiteng untriede missen.
Woren et d'Nerven, hate si Angscht fir eppes falsch ze maachen? Jiddefalls
wore si schnell mat 0:2 an't Hannertreffe komm an hunn ni méi hire
flotten a geniale Fussball ze spille krit dee si bis dohinner gewisen
haten.

Duerno hu si zwar ni opginn an alles gi wat se am Leif haten, mä et sollt deen Dag einfach net sinn a kee Goal war hinne méi
gegonnt.

Dem Tun seng Jongen hunn trotzdem e ganz groussen Applaus verdéngt. Si hu gewise wat si drop hunn!

Eng flott Experienz déi Entente

An hei d'Spiller déi um Erfollëg bedeelegt woren:

Hess Rick, Sagrafena Gianni, Thill Charlie, Simon Claude, Moro Andrea, De
Sousa Sébastien, Gschwindt Bastie, Wiams Laurent, Wolter Jean-Michel
(all Schuller) an
Fabbro Moreno, Skenderovic Erdin, Bossi Ben,
Meier Inigo, Tramarin Michel, Cavuto Alessandro, Ferreira Fabio

Trainer: De Sousa Tun

FUTSAL: Poussins gi Vize-Champion 2009/2010

 

Vize-Champion FUTSAL 2009-2010


Luc Schneider, Philippe Hengen an Oliver Jack weise stolz hir Medaille


Grad wéi den Dag virdrun  bei eise Minimes, war zu Kielen fir FUTSAL CUP Finale vun de Poussins d'Hal struppevoll.
Et war eng Mega-Ambiance mat engem phantastesche Monnerecher Fanbloc déi
eis Jongen no fir gepeitscht hunn. Einfach phenomenal!

Et war eng ganz spannend Finale an deeër de sech de Racing, trotz enger
Optaktnéierlag géint den FC Déifferdeng 03, den Titel hellt. Monnerech
kennt um Enn just duerch d'Goalverhältnis op déi zweete Plaz!

Am éischte Match géint Hesper gewannen eis Jonge mat 1:0 duerch e Goal vum
Jan Ostrowski an de laangen Eck. Am zweete Match mussen eis Jonge géint
Déifferdeng untrieden déi géint de Racing d'Iwwerhand behalen haten. Si
ginn alles an deem Match. D'Éischt iwwersti si den Drock vum FCD, da
weise si wat se drop hunn. Et ass den omnipresente Philippe Hengen dee
méi schnell wéi säi Géigner, sech duerchsetzt, schéisst, an zum
allesemjubelten 1:0 fir Monnerech era setzt. De Match bleift
megaspannend awer eis Jonge loossen näischt méi ubrennen. Dat war
wichteg. 12 Minutte Paus an da schonn nees e wichtege Match. Dës Kéier
géint den RFCUL deen nodeems e sech a sengem zweete Match gefaangen
huet, 2 X 12 Minutte Paus hat.

Vläicht war dat den Ënnerscheed well eis Jonge kommen net esou richteg un, zevill gi si och vum Géigner,
deen héichkonzentréiert spillt, gepresst. Dann hu si och nach an hirem
Kapitän eng Superindividualitéit deen alleng schonns Differenz maache
kann. Dëse Match geet leider mat 2:0 verluer.

No 3 Mätscher si 4 Équipë mat 6 Punkten un der Spëtzt. Jidderee kann also nach wannen.

Monnerech wënnt seng zwee lescht Mätscher mat 3:1 géint Rodange (Jan, Philippe a
Luc) a mat 3:0 géint d'Ent. Mënsbech/Mutfert mat 3:0 a kennt op 12
Punkten.

Den RFCUL wënnt awer och 3:0 géint d'Ent. Mënsbech/Mutfert an an engem ganz spannenden a serréierte Match 3:1
géint Hesper, esou, dass si och op 12 Punkte kommen an duerch méi Goaler
FUTSAL CUP Champion 2009-2010 ginn. Mir félicitéieren hinne well si hu
wierklech dee beschte Fussball gespillt a mat deem Spillerréservoir deen
déi Stader hunn ass et ganz, ganz schwéier fir iergend eng aner Équipe
un si erun ze kommen.

Dem Nico Tironzelli seng Jongen hunn dem Racing et allerdéngs ganz schwéier gemaach, an doriwwer kënne mer stolz
sinn. Einfach Super a Genial wat si haut fäerdeg bruecht hunn.

An hei d'Klassement:
Plaz   Équipe                  Punkten  Goaler 
1. Racing FC UL 12       13:5
2. FC Monnerech      12         9:4
3. FC Déifferdeng 03    9
4. FC Rodange 91         6       12:10
5. Ent Mënsbech/Mutf 6         4:8
6. Swift Hesper    1

Poussins wannen Coupe de Luxembourg 2009/2010

 

Coupe- Winner 2009-2010


27. Juni 2010 zu Bieles:

Poussins wanne Coupe de Luxembourg!

Et ass historesch! E risegen Erfolleg fir den FC Monnerech. Jo, et ass déi
alleréischt Coupe de Luxembourg fir d'Jugend vum FC Monnerech.

Monnerech schreift also eng nei Säit. No den Dammen déi 1976 Champion vu
Lëtzebuerg gi sinn, no de Seniors Réserves déi 2004 d'Coupe de
Luxembourg gewonnen hunn a no de Cadets vun der Entente
Monnerech/Schuller déi 2008 Champion vu Lëtzebuerg gi sinn, hunn eis
Poussins et haut de Mëtteg och gepackt an d'Coupe de Luxembourg mat op
Monnerech bruecht.

Si hunn héichverdéngt mat 2:0 géint Hesper gewonn. Goaler hunn de Jan Ostrowski an de Vincent Colbach geschoss.


Dem Nico Tironzelli a sengem Adjoint dem Dani Berthold an der ganzer Équipe
a e ganz grousse BRAVO, well si hunn Geschicht geschriwwen. De
Monnerecher Supporteren och e grousse Merci fir déi gutt Ënnerstëtzung.

Et waren net nëmmen d'Elteren do, nee et waren och Spiller an Eltere vun
deenen anere Kategorien do, de President vun der Jugendkommissioun, den
Gianni Galasso aus dem grousse Comité mä awer och de fréiere
Buergermeeschter Jean-Claude Schanen, deen e puer Wochen méi spéit
President vum Club ginn ass, hat et sech net huele gelooss fir op Bieles
ze kommen. Jee, et huet ee gemengt, dass all si gespuert hunn, dass
deen Dag eppes dra war. Jiddefalls, déi wou net komm sinn, hunn eppes
verpasst.


Hei d'Équipe déi d'Coupe gewonnen huet:

Vincent Colbach, Jan Ostrowski, Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
, Tom Eckermann, Max Welfring,
Francisco Da Cruz Gomez, Luc Schneider, Dylan Ndjo Kakeu, Fabio Mendes
Baptista, Joël Lourenco Elias, Steven Milbert, Jacques Tironzelli,
Philippe Hengen a Nick Schonckert.

Erfollegstrainer: Nico Tironzelli als Haapttrainer an Dani Berthold als Co-Trainer

Minimes, Vize-Champion 2009/2010


 

FCM, Vize-Champion 2009-2010


3. Juli 2010, Finale vum Championnat Minimes 2009/2010 zu Nidderkuer

RFCUL - FC Monnerech 3:1 (2:1)

Goaler: 6.' 1:0, 7.' 1:1 Eric Veiga, 18.' 2:1, 53.' 3:1

Opstellung:
Tom Eckermann, Louis Jost, Gil Penning, Tom Steffen, Max Bertamé, Dylan Da
Costa, Gilles Sassel, François La Malice, Kevin Hoffmann, Tom Volkmann,
Gino De Marini, Eric Veiga, Max Blom, Eric Galetto (verletzt) a Jan
Ostrowski (verletzt)
Trainer: Mike Hoffmann


Et sollt net sinn. Eis Minimes waren dëst Joer ganz no drunn. No enger 3.
Plaz am éischten Tour, hunn si den 2, Tour dominéiert an sech esou genee
wéi am Joer virdrun, fir d'Finale vum Championnat qualifizéiert.
 
Hei Tabell an der éischter Klass vum 2. Tour am Championnat:
 
1. FC Monnerech        27 P    9/0/1    23:9      +14
2. RFCUL                        20 P    6/2/2    23:10    +13
3. UN Käerjeng 97       16 P     5/1/4   18:16     +2
4. Swift Hesper            11 P     3/2/5   13:22      -9
5. Etzella Ettelbréck      9 P     2/3/5    14:18     -4
6. US Hueschtert          2 P      0/2/8     4:20     -16

Bei 34 Grad am Schied, war et immens schwéier fir Fussball ze spillen. Eis Jongen hunn awer alles ginn. E schnelle Réckstand hu si direkt
opgeholl an et konnt een op hir mental a kämpferech Stärkten hoffen. Et
sollt awer aanescht kommen. Op eng zweiwelhaft Fräistoussentscheedung
hin fällt dann den 1:2 fir de Racing. Dës Goal hätt awer eigentlech net
zielen dierfen well et Abseits war!
Duerno hunn eis Jongen alles ginn, haten och e puer mol d'Chance zum Ausgläich, bis dann de Racing
kuerz viru Schluss den 1:3 geschoss huet. A nach elo haten eis Jongen
Chance, awer si haten de Pech un hire Stiwwelen hänken.

Eng super Leeschtung ass et trotzdem fir Vize-Champion ze gin. All Respekt un't Jongen déi dat fäerdeg bruecht hunn.

E grousse Merci awer och un hier Trainer déi si duerch déi ganz Saison
bruecht hunn, de Rol Bianchy an de Mike Hoffmann deen d'Équipe kuerz
viru Saisonschluss iwwerholl huet.

FUTSAL: Poussins gi Vize-Champion 2010/2011

 
Et ass also nees eng Kéier knapp net duer gaange fir eis Poussins.
Schonns dat lescht Joer ware si ganz knapp géint den RFCUL gescheitert. Dëst
Joer si si och erëm eng Kéier schlecht belount ginn an hunn dem F91 de
Virtrëtt missen iwwerloossen. Trotzdem, eng wonnerbar Leeschtung vun
eise Jongen déi mer hei emol opzielen:

Gilles Tremont, Oliver Jack, Nick Schonckert (Cap.), Luca Eckermann, Elia Rosafio, David
Fernandes Nunes, Noah Concas, Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
, Fabio Mendes Baptista
Trainer: Dani Berthold

Eis Jongen hu gutt gespillt, wéi ëmmer!  Dem Dani Berthold seng Jonge ware
voll konzentréiert an hunn alles ginn. Leider hunn awer zevill Chancen
ausgelooss, soss wär wahrscheinlech méi dra gewiescht.


Hei hir Mätscher:
FC Rodange 91 - FCM  1:1
FCM - FF Noden 02  2:0
Progrès Nidderkuer - FCM  1:1
FCM - F91 Diddeleng  0:0
FCM - FC Ierpeldeng 72  1:0

 
Schlussklassement vun der FUTSAL-Finale 2010/2011:
1. F91 Diddeleng          11 P
2. FC Monnerech          9 P
3. Progrès Nidderkuer  7 P
4. FC Ierpeldeng 72
5. FC Rodange 91
6. FF Norden 02

Scolaires déi Éischt um nationale Fussballsdag 2011

 

Winning Team
V.ln.r.: Jos Scotto, Gino De Marini, Eric Veiga, Jean-Pilippe Thomas, Tom Steffen
Ënnen: Joshua Dhur, Valentin Roulez, André Oliveira 


Joshua Dhur, Gino De Marini, Jos Scotto, Kevin Hoffmann
19/06/2011 zu Ettelbréck an den Däichwisen

Et ass eng grouss Genugtuung, dass endlech eng Monnerecher Jugendéquipe et geschafft huet um nationale Fussballsdag en Titel mat Heem ze bréngen. Eis Scolaires wannen an der Finale héich verdéngt a ganz iwwerleeë mat 4:0 géint d'Entente Wëntger/Wolz a  setzen sech esou selwer d'Kroun op.

Déi erfollegräich Équipe ass ënnert dem Trainer Jos Scotto, deen de Petz Biergen haut vertrueden huet, mat folgende Spiller zesumme gesat gewiescht:
Valentin Roulez, Jean-Philippe Thomas, Kevin Hoffmann, Gino De Marini, Eric Veiga, André Oliveira an de Joshua Dhur.

E ganz grousse BRAVO u si all an en 3-fachen Hip Hip Hurra!

Mee der Rei no. Schlecht war et moies ugaange, well eis Scolaires ze kleng Uniforme mat kritt haten. Dat huet si awer net gestéiert fir gudde Fussball ze spillen. An der Virronn wanne si 3:0 géint Gilsdref, 1:0 géint Käl/Téiteng, verléieren dann 3:0 géint d'Fola a wannen dann 4:2 géint Rouspert an 3:0 géint Ierpeldeng. 
Duerno klappe si an der 1/8 Finale den F91 Diddeleng mat 1:0 duerch e Goal vum Eric Veiga. An der 1/4 Finale geet hinnen och 1 Goal duer, dës Kéier vum Gino De Marini, fir géint Käerjeng ze wannen.
An enger spannender 1/2 Finale schloe si dann och nach Ettelbréck. Zwou gutt Goalchancen loossen eis Jongen aus befiert, dass Ettelbréck kalbliddeg zouschléit a mat 0:1 a Féierung geet. Eis Jonge spillen awer hire Fussball a loossen de Ball zirkuléieren. 1:1 duerch de Joshua Dhur, an dann nach een vun him an ee vum Kevin Hoffmann fir um Enn nach kloer mat 3:1 ze wannen an esou sti si an der Finale.
Hei musse si géint eng staark Entente vu Wëntger/Wolz untrieden. Am Ufank nach e wéineg schwiereg, mee wou de Gino De Marini bis d'Lach fonnt hat , huet den Eric Veiga schnell nach een drop gesat an esou d'Dir grouss opgemaach fir d'Coupe ze wannen. Et sollt dem Eric säi leschte Goal a sengem leschten offizielle Match fir den FC Monnerech si befiert, dass hien op den RFCUL wiesselt. No hiren Awiesselunge schéissen den André Oliveira an de Kevin Hoffmann weider Goaler.
Um Enn, eng kloer Saach fir den FCM. 4:0 an der Finale! Dat war schonns méi wéi gutt.
Den 1. Juli 2011, ware si dann vun der FLF an't Belle Étoile zu Bartreng invitéiert gi fir vu Freelander's hire Präis entgéint ze huelen. Stellvertriedend fir déi ganz Équipe, war de Jos Scotto vun der Jugendkommissioun (an deen Dag Trainer zu Ettelbréck) esou wéi d'Spiller Jushua Dhur, Gino De Marini a Kevin Hoffmann, der Aluedung nogaangen a sinn duerno gutt gepak mat Joggingen heem gefuer.

Eis Pupilles haten et zwar sportlech net esou wäit bruecht wéi eis Scolaires, mee si hunn awer bei engem Spill, wou et drëm gaangen ass esou vill wéi méiglech richteg Äntwerten ze ginn, eng zweete Plaz gemaach. Heifir gouf et Trainings-Saccochen.
Mat schwéierem Häerz dierften déi dräi - Eric Veiga, Valentin Roulez a Jean-Philippe Thomas - an aner Clubben wiesselen, well si hunn zu Monnerech munch schéi Stonn verbruecht a der Monnerecher Jugend zu schéinen Erfolleger verhollef.

Minimes, FUTSAL Champion 2011/2012

 

Équipe mat der Coupe


12. Februar 2012, LALUX FUTSAL Finale 2011/2012 zu Diddeleng am Centre René Hartmann
A ween hätt dat geduecht, dass mir grad zu Diddeleng e Championstitel erkämpfen a feieren dierfen! 
Et huet also endlech geklappt. No 4 Vize-Championstitelen (Pupilles 2006/2007 an 2007/2008, Poussins 2009/2010 an 2010/2011) hunn eis Minimes et dëst Joer gepackt a gravéieren sech an de Palmares vun de Gewënner vum FUTSAL Cup an. Den FC Monnerech brauch sech deemno net ze verstoppen a muss spéitstens elo sérieux geholl ginn, si si dach elo mat aner grouss Klibb mat ganz aner Moyens sportlech gläich gestallt.
No enger bis zum allerleschte Match ganz spannender Finale, haten eis Jonge kee Match verluer an hunn um Enn dës Kéier knapp d'Nues fir a schreiwe Geschicht fir den FCM. An dat am Joer vum 20-jäehrege Bestoe vun der Jugendkommissioun. 
BRAVO Jongen a bravo fir den Trainer. Dat war super a mir si stolz op iech
 
Resultater: FCM- FC Déifferdeng 03 1:1, F91 Diddeleng - FCM 1:1, RM Hamm Benfica - FCM 1:3, FCM - Ent. UMW/CSG 1:0, Swift Hesper - FCM 1:1

Schlussklassement: 1. FC Monnerech 9P, 2. Ent. UMW/CSG 8P, 3. FC Déifferdeng 03 8P, 4. F91 Diddeleng 5P, 5. Swift Hesper 4P, 6. RM Hamm Benfica 4P 

D'Erfollëgs Équipe: Tom Eckermann, Joel Lourenco, Vincent Colbach, Diogo De Matos, Francisco Da Cruz, Fabio Oliveira, Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
, Luc Schneider, Jan Ostrowski, Philippe Hengen, Dylan Ndjo Kakeu, Max Welfring, Mike Hoffmann (Trainer)

Minimes si lëtzebuerger Champion 2011/2012

 

De Jan Ostrowski mat der Coupe


D'Erfollegséquipe


16. Juni 2012, Finale vum Minimes Championnat 2011/2012 zu Déifferdeng um synth. Terrain Woiwer
 
FCM - F91 Diddeleng  7:6 n.E. (2:2, 1:1)
Goaler: 0:1 (14.'), 1:1 Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
 (29.'), 2:1 Vincent Colbach (60.'), 2:2 (60. + 2')
Penaltyen: 3:2 Jan Ostrowski, 3:3, 4:3 Fabio Oliveria, 4:4, 5:4 Dylan Ndjo Kakeu, 5:5, 6:5 Luc Schneider, 6:6, 7:6 Vincent Colbach, Tom Eckermann hält
 
An engem Krimi deen den Hitchcock net hätt besser schreiwe kënnen, behalen déi Monnerecher Jonge géint Diddeleng d'Iwwerhand a schaffen et endlech no dräi mol Vize-Champion hannerteneen de Championstitel op Monnerech ze bréngen. 

Et ass einfach genial wat do geschitt ass an e grousse Bravo un déi ganz Équipe mee virun allem hirem Trainer de Mike Hoffmann deen et fäerdeg bruecht huet seng Trupp ëmmer nees staark ze maachen an elo esouwuel an der Hal wéi och um Terrain Champion ass. Dat ass einfach sensationell. An enger Woch geet et nees géint Diddeleng, da wa si an der Coupe-Finale géinteneen untriede mussen. Mol ofwaarden. 

Den FCM hat am Championnat dräi mol onglécklech a vläicht och ongeschéckt verluer gehat. Dee leschten Duell hate si awer 1:1 zu Diddeleng gespillt. Diddeleng hat deen 1. Tour vum Championnat mat 2 Punkte Virsprong op den FCM gewonnen. Monnerech huet den zweeten Tour souverän mat 6 Punkte Virsprong dominéiert. Deemno stoungen déi zwou bescht Équipen haut an der Finale fir de Champion ënnert sech auszemaachen. De Match war ausgeglach an et ass sech näischt geschenkt ginn. Et huet bis zur 10.' gedauert bis mer déi éischt sérieux Goalchance ze gesi kruten. No enger Flank verfeelt den Dylan Ndjo Kakeu awer säi Kappball an ausssiichtsräicher Positioun. No 14 Minutten ass Diddeleleng awer duerch e wonnerschéine Goal mat 0:1 a Féierung gaangen. Monnerech léisst awer net de Kapp hänken a spillt sech eng etlech Corneren eraus an taucht ëmmer nees geféierlech virun den Diddelenger Goal op. An der 29.' ass et dann dem Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
 gegönnt den Ausgläich ze schéissen. No guddem Asaz kann hie sech géint de Goalkeep duerchsetzen. 
Nom Säitewiessel bleift Monnerech um Drécker. Si spille sech vill Goalchancen eraus. Diddeleng bleift awer och op Konter geféierlech. Wou jiddereen sech schonns op e Penaltyschéissen agestallt huet, do geléngt deene Monnerecher dach nach dee verdéngte Goal duerch de Vincent Colbach zum 2:1. Et ass déi 60.' a Spiller a Supportere freeë sech mam Gedanken, dass dat et dach war, mee nee, et sollt anescht kommen. An der zweeter Nospillminutt spillt Diddeleng nach e Ball an't Spëtzt, den Tom Eckermann zéckt ee Moment a gräift dann dem Diddelenger an't Been. Et ass de Penalty an Diddeleng kann nach ee mol ausgläichen. Monnerech huet sech also nach eng Kéier de Botter vun der Schmier huele gelooss. Et mussen also elo jee 5 Strofstéiss geschoss gi fir e Gewënner ze ermëttelen. 

Déi 4 éischt gi jeeweils eran esou, dass et 6:6 steet. De 5. Penalty ass fir de Vincent Colbach. Dee versetzt de Goalkeep a setzt souverän zum 7:6 eran. Nach kee Feeler vu béiden Équipen, mee elo ass déi ganz Laascht op dem Diddelenger Spiller deen de leschte Penalty schéisst. Hien trëtt un a schéisst an den Eck, mee dës Kéier huet eise Penalty-Killer Tom Eckermann de Brot geroch a plongéiert wéi eng Kaz an dee richtegen Eck. Hie kritt dee fest geschossene Ball a kann e laanscht säi Potto lenken. Den FCM ass CHAMPION!! 

Duerno gëtt der Freed fräie Laf gelooss an da kréien d'Jongen d'Belounung fir hir gutt Leeschtung. Eng Coupe fir d'Équipe an eng Médaille fir Jiddereen als Erënnerung. Jongen, d'Jugendkommissioun, de ganze Club a ganz Monnerech ass immens stolz op iech Monnerecher. Fuert esou virun. Dir sidd Zukunft vum FC Monnerech an et wier flott wann der all zesumme géift bleiwen. 


D'Erfollëgs Équipe: Tom Eckermann, Vincent Colbach, Francisco Da Cruz Gomez, Diogo De Matos Coimbra, Philippe Hengen, Oliver Jack, Joel Lourenco Elias, Fabio Mendes, Dylan Ndjo Kakeu, Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
, Fabio Oliveira Soares, Jan Ostrowski, Nazim Pinheiro Amara, Luc Schneider, Nick Schonckert, Max Welfring, Mike Hoffmann (Trainer)

Minimes wannen Coupe de Luxembourg 2011/2012

 

D'Erfollegséquipe déi den Triplé réaliséiert huet


D'Freed nom Goal


Nationalfeierdag, 23. Juni 2012: Finale vun der Coupe de Luxembourg 2011/2012 fir Minimes zu Bieles um synth. Terrain


FCM - F91 Diddeleng 1:0 (0:0)
Goal: Philippe Hengen (48.')
 
Ween hätt dat geduecht? Dee klenge FC Monnerech huet sech tatsächlech géint déi grouss Veräiner duerchgesat.

Et ass dem Trainer Mike Hoffmann säi Mérite, seng bescheiden Trupp esou motivéiert ze hunn an hinnen d'Angscht virum éiwege Zweete sinn, ewech geholl ze hunn a si an enger Saison zu dräi Titelen gefouert ze hunn. Et ass en Dag vir an d'Geschichtsbuch vum FC Monnerech. Eis Minimes hunn op Nationalfeierdag och nach Coupe de Luxembourg gewonnen. Einfach genial, well nodeems si FUTSAL Champion a Champion vu Lëtzebuerg gi sinn, hu si also elo och nach duerch e Goal vum Philippe Hengen deen drëtten Titel op Monnerech bruecht. Et ass den Triplé!! 
Jongen, dat wat der do fäerdeg bruecht hutt ass megakrass an dat wäert der esou bal net vergiessen! 

Hei déi eenzel Spiller vun der Erfollegséquipe 2011/2012: 

Tom Eckermann, Vincent Colbach, Francisco Da Cruz Gomez, Diogo De Matos Coimbra, Philippe Hengen, Oliver Jack, Joel Lourenco Elias, Fabio Mendes, Dylan Ndjo Kakeu, Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
, Fabio Oliveira Soares, Jan Ostrowski, Nazim Pinheiro Amara, Luc Schneider, Nick Schonckert, Max Welfring. Den Erfollegstrainer war de Mike Hoffmann 

Den FC Monnerech konnt befreit an dës Finale goen. Virun enger Woch haten eis Jonge jo schonns d'Finale fir de Champion géint dee selwechte Géigner gewonnen. Deemno sinn déi Monnerecher Jonge mat enger gudder Portioun Selbstbewosstsinn an de Match gaangen. Esou hunn si e perfekte Match gespillt an deene schnellen Diddelenger keng Chance gelooss. Seelen hat den F91 Plaz fir ze spille kritt well d'Verdeedegung vum FCM einfach e Bommematch gemeet huet a fir ass permanent fir Gefor gesuergt ginn.Esou sinn déi Diddelenger weech geklappt ginn. Nodeems et nach mat 0:0 an't Paus gaangen ass, ass dem Philippe Hengen an der zweeter Halschent den décisive Goal zum 1:0 gegléckt. Den FCM wënnt also bannent enger Woch seng zweet Finale géint den F91 Diddeleng an dat héichverdéngt. Den FC Monnerech ass Coupe de Luxembourg Gewënner. Bravo! 

Dee ganze Respekt geet awer un déi Diddelenger, déi am Championnat méi Chance haten a vu véier Mätscher, dräi mol gewonnen haten. An de Finalen war Monnerech awer ëmmer en Tick besser wéi si. 

A nach ëppes: Déi Monnerecher Supporter waren och besser. Si waren an Iwwerzuel an och méi haart! Den FC Monnerech ass eben e staarkt Stéck Monnerech! Oder ass et ewëll e staarkt Stéck Minett?


D'Erfollëgs Équipe: Tom Eckermann, Vincent Colbach, Francisco Da Cruz Gomez, Diogo De Matos Coimbra, Philippe Hengen, Oliver Jack, Joel Lourenco Elias, Fabio Mendes, Dylan Ndjo Kakeu, Sidney Nürenberg
Sidney Nürenberg
, Fabio Oliveira Soares, Jan Ostrowski, Nazim Pinheiro Amara, Luc Schneider, Nick Schonckert, Max Welfring, Mike Hoffmann (Trainer)

Bambinins wannen um nationale Fussballsdag 2013

 

Si hunn et geschafft !


Nationale Fussballdag zu Ettelbréck. Moies war et nach e wéineg frësch a fiischt. Lues a lues huet d'Sonn sech awer duerchgesat an et ass ëmmer méi waarm ginn. E perfekten Sonndeg fir esou eng grouss Organisatioun. 

Minimes a Scolaires hunn den Ufank gemeet. Hei sinn déi zwou Monnerecher Équipë gutt opgetrueden a just mat Pech an der 1/8-Finale am décisive Strofstoussschéiisen erausgefall. 
Poussins a Pupilles vum FCM hunn et leider net iwwert Virronn gepackt. 

Anescht ass et bei de Bambinis vum FC Monnerech gelaf déi eis jo schonns mat gudde Resultater verwinnt hunn. Abee, um Sonndeg hu si dann och hiren éischten offiziellen Titel gewonnen. Si sinn näämlech de Gewënner vum 26. nationale Fussballsdag vun der FLF. Bravo un déi ganz Équipe.Et war heinsdo beängschtegend wéi si wéi eng Dampwalz alles plattgewalzt hu wat komm ass. 4:0 géint Luerenzweiler, dann 4:1 géint d'Ent. Housen/Wëlwerwolz, 4:0 géint Déifferdeng, dann 3:0 géint US Hueschtert fir mat 3:0 géint Rëmeleng ofzeschléissen. Diddeleng huet wéinst senger Dommheet (si hunn ee Match verpasst) deene Suessemer de Virtrëtt missen iwwerloossen. Déi kruten an der Véirelfinale géint eis Jongen a Meedercher awer den zweete Präis (3:1). An der Halleffinale geet 1 Goal géint Minerva Lëntgen duer fir an't Finale anzezéien. Hei geet et da géint d'Etzella Ettelbréck. Dem Mike Nürenberg seng Trupp mécht hei nees e feelerfräie Match a spillt Kaz a Maus mam Géigner a wënnt dës Finale kloer an däitlech mat 4:0. 

Esou sinn déi Monnerecher Bambinis elo offiziell déi bescht am ganze Land. Bravo Lynn, Bravo Jongen, Bravo Mike, awer och Nico dee si am éischten Deel vun der Saison trainéiert hat. Et ass einfach sensationell wat si dës Saison fäerdeg bruecht hunn well si hunn och all hir 18 Championnotsmätscher an dëser Saison gewonnen. Si hunn 17 Turnéier an der Saison 2012/2013 gewonnen a just ee mol hu si dat net geschafft! 
Einfach sensationell!
Hei déi 17 Turnéiererfolleger:
1. US Béiwen, 2. RFCUL (Hal), 3. CS Fola (Hal), 4. FC The Belval Bieles (Hal), 5. Wantercup FC Monnerech (Hal), 6. Avenir Beggen (Hal), 7. US Hueschtert (Hal), 8. ES Kënzeg (Hal), 9. Résidence Walfer (Hal), 10. Ouschtercup FC Monnerech, 11. FC Schëffleng 95, 12. CS Péiteng, 13. Blo Wäiss Izeg, 14. Ettelbréck, 15. US Hueschtert, 16. FC Schengen, 17. Beachsoccer Résidence Walfer.
De Freiden de 5. Juli 2013 hat d'FLF all d'Gewënneréquipen vum nationale Fussballsdag an den OUTLETSTORE by FREELANDER'S op de Mierscherbierg invitéiert. Esou waren dann och e puer Bambinis a Begleedung vu Membere vun der Jugendkommissioun op Miersch gefuer.
Fir si hat et sech och rentéiert, hu si dach fir hir éischte Plaz e ganze Set vun Trainingskostümer krit. Stellvertriedend fir d'Jugendkommissioun vum FC Monnerech huet de Luca Ontano dann awer och nach en Akafsbong iwwert 125 EUR entgéint geholl. Dee war fir déi gutt 4. Plaz vum FC Monnerech an der Klubwäertung. Dat ass ee ganzt gutt Resultat, klasséiert den FCM sech dach hannert den Équipë vum RFCUL, FC Déifferdeng 03 an dem FC Rodange 91.

D'Erfollëgs Équipe: Lynn Geuer, Yann Batting, Jia Wang Alex Zhu, Liam Nürenberg, Charel Wagner, Marco Ontano, Jamie Zwank, Diego Duarte, Jeremy Oliveira, Noe Lessyn, Jo Gschwend, Alessandro Marchese, Chris Sevilla, Nelson Da Costa Lamarosa, Matteo an Mathis Bianchi, Cardoso Ivo, Thilges Eric, Kinsch Felix, Arendt Justin an Reis Rodrigo.
Hir Erfollëgstrainer: Nico Tironzelli (Trainer vum 1. Deel vun der Saison) an Mike Nürenberg (Trainer vum 2. Deel vun der Saison)

Aweiung vum syntheteschen Terrain


 
Um Sonnden den 22. Spetember 2013 ass den neien monnerecher syntheteschen Terrain ageweit ginn. Zu dësem Ulass war en Ouverture-Match tëscht de Pupilles vum FC Monnerech an deenen vun Blo-Wäiss Izeg organiséiert ginn. Eng ganz Rei Monnerecher Jugendspiller waren dann och op den Terrain komm dobäi ze sinn. 
Déi Izeger hunn dëse spannenden Match, nodeems déi Monnerecher den 3:3 verpasst haten, um Schluss nach 5:2 fir sech entscheet. Mee dat war net esou wichteg. Nodeems Spiller, Trainer an Arbiter sech d'Hand ginn haten, hunn d'Équipen sech dann um Terrain opgestallt fir vum Buergermeeschter Dan Kersch, vum Sportsminister Romain Schneider, vum President vun der FLF Paul Philipp a vum President vum FC Monnerecher gratuléiert ze kréien. 

Mëttlerweil ware schonns ëm déi 200 Éieregäscht, Kanner, Elteren an aner Leit op den Terrain komm fir der offizieller Aweiung bäizewunnen. Eng ganz Rëtsch politescher Prominenz, ob Deputéiert, Buergermeeschter oder Schäffen oder och nach Presidenten vun aneren Klibb, waren der Invitatioun vun der Monnerecher Gemeng nokomm. Am Zelt huet dann de Monnerecher Buergermeeschter als éischt d'Wuert ergraff an d'Gäscht wëllkomm geheescht. Hien huet dann e puer Wuert zum syntheteschen Terrain gesot a wéi et an Zukunft weider geet. Wou de Sportsminister, den FLF President an den FCM President och e puer Wuert an de Publikum geriicht haten, ass da ganz offiziell d'Bännche geschnidde ginn. Duerno hu si da Geleeënheet gehat fir d'Qualitéit vum Terrain selwer ze testen. Iwwerdeems war mëttlerweil den Terrain voller Kanner déi mam Ball gekickt hunn. Et war eng richteg Freed hinne beim Éierewäin nozekucke wéi si sech op deem neien Terrain ameséiert hunn.

Artikel aus dem LW

Junioren 2013/2014 steigen an déi 1. Klass


 

Èischtklasseg !


Fir d'éischt an hirer Geschicht sinn déi Monnerecher Junioren an déi éischt Klass gestigen. Dat ass einfach groussaarteg.

Deen éischten Deel vun der Saison 2013/2014 war net einfach, haten eis Jongen no siwe gespillte Mätscher just eng Victoire op hirem Kont. Et war awer esou, dass d'Mätscher entweder domm verluer gaange sinn oder vill Pech dobäi. Fënnef mol war mat just engem Goal verluer ginn an ee mol mat zwee Goaler Ënnerscheed. Déi dräi lescht Mätscher haten eis Jonge géint hir direkt Konkurrente wanne missen. A si hunn dat mat enger enormer Energieleeschtung och fäerdeg bruecht a sech esou an der 2. Klass gehalen.

Am 2. Tour vum Championnat hunn eis Jongen da gewise wat an hinne stécht. Am éischte Match deklasséiere si den RM Hamm Benfica auswäerts mat 8:3. Da verléiere si awer schonn nees an engem schwaache Match géint d'Entente Ettelbréck. Mee wat no dësem Match komm ass, war einfach phenomenal. D'Jongen hunn ee Match no deem aneren dominéiert a gewonnen. Ofgeschloss hunn eis Jongen hiert Meeschterwierk mat engem 5:0 Heemerfolleg géint den RM Hamm Benfica a gi Champion an der zweeter Klass. An der Saison 2014/2015 dierfen eis Jongen an der Eliteklass spillen dh., dass si ënnert deene sechs beschten Équipen am Land stinn. Bravo, dat ass eng grouss Leeschtung!
Et ass awer net vu ganz alleng komm. Den Daniel Dias De Almeida huet d'Équipe an zwee Joer gutt opgebaut an dat heite sinn ebe ganz einfach d'Friichte vun enger ganz gudder Aarbecht.

Hei seng Jongen déi hien am Laf vun der Saison agesat huet an déi all op déi eng oder aner Manéier un dësem Erfolleg bedeelegt waren:
Yann Duarte, Tom Steffen, Alex Schonckert, Sven Biever, Tom Van Den Bossche, Kevin Hoffmann, Andre Oliveira, Thierry Dos Santos, Sébastien De Sousa, Cédric Biever, Tom Scotto, Frank Rolgen, Diogo De Lemos, Daniel Coelho, Gabriel Antoni Pereira, Tiago Figueiredo Dias, Tiago Dos Santos Rodrigues, Jean Baustert, Ismael Ruiz, Manuel Ruiz, Joshua Dhur, Gianluca Bei, Yannick Grethen, Philippe Hilger a Jérémy Müller.

Schlussklassement vun der 2. Klass 2. Tour:

1. FC Monnerech mat 22 Punkten (+29), 2. CS Fola Esch mat 21 Punkten (+10), 3. Entente Ettlebréck mat 18 Punkten (+4), 4. RM Hamm Benfica mat 16 Punkten (-4), 5. Entente Stroossen mat 5 Punkten (-20), 6. SC Beetebuerg mat 4 Punkten (-19)