Neie Jugendkoordinator kënnt vun der FLF


12 July 2017

Den FC Monnerech huet ee neie Jugendkoordinator. Et ass een ale Bekannten, de Patrick Romitelli (48) deen U14 Trainer bei der FLF war. Hie kënnt deemno zeréck bei den FC Monnerech, do wou hien vun 1993 bis 2000 eng flott Zäit mat der éischter Ekipp vum FCM hat. Hien ass op der Escher Grenz forméiert ginn wou hien d'Jugendequippen duerch gemaach huet befiert hien zu der éischter Ekipp vun der Jeunesse gestouss war.



Ab dëser Saison ass hien also zoustänneg fir d'Jugendequippen vum FC Monnerech. Seng Aufgab ass et zesummen mat deene verschiddenen Trainer eng Linn, Disziplin a Qualitéit an der Jugend vum FCM ze kréien. Mir wënschen him eng gutt Aarbecht a vill Succès.