Reserven verléieren zu Bieles

Foto vun Marco Bertamé



26 November 2017

De Freiden den Owend war dee leschte Spilldag virun der Wanterpaus ugesot. No deene gudde Leeschtungen an deene leschte Mätscher, ass de Freiden awer och alles schif gaangen, an dat vun der éischter bis zur leschter Minutt. Bieles huet de Kampf ugeholl an Monnerech leider net. Den FCM war einfach net präsent an den Dueller an huet keng dräi Passen hannerteneen fäerdeg bruecht an dofir geet d'Victoire méi wéi verdéngt un den Zweetleschten an der Tabell. Natierlech hunn déi fréi Verletzungen vum Jeff Bertemes (et war säin éischte Match no senger Veletzung) an dem Marc Baustert Monnerech immens wéi gedoen, mä dat soll a ka net als Excuse gëllen. Bieles war mat 1:0 an't Paus gaangen. Direkt nom Téi ass et dem Jan Kiggen gelongen fir aus ze gläichen, mä leider hunn déi Bieleser der nach zwee drop gesat.



Elo geet et wéi gesot an déi wuel verdéngten Wanterpaus. Weider geet et nees Enn Februar.