11. Wantercup war en Erfolleg

Photo par Marco Bertamé



23 January 2017

Vun e Freiden den Owend bis de Sonnden den Owend war an der Monnerecher Sportshal nees eng méi lass. A fënnef Kategorien vun Bambinis bis Scolaires ass ëm Coupen gekämpft ginn. An de Samschden den Owend hunn d'Pappen jo och nach op hiert Pappenturnéier invitéiert gehat.



Sonndes Nomëtten war d'Sportshal struppevoll wou Bambinis gespillt hunn. Et wat deemno nach méi eng grouss Begeeschterung an Ambiance an der Hal wéi bei deenen aneren Kategorien. Maacht iech selwer e Bild a kuckt Photoen an der Galerie. Jiddefalls goufen déi dräi Deeg spannenden a spektakulären Fussball gebueden.

http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=1635



Elo gëtt sech ganz op deen nächsten groussen Event vum FC Monnerech konzentréiert, an dat ass eisen Banana Ouschtercup deen den 16. an 17. Abrëll gespillt gëtt. A Karfreiden den 14. Abrëll gëtt och nach e Véier Natiounen Turnéier fir U17 gespillt. Notéiert iech elo schonns deen Termin. Ticket'ën kënnt der och schonns kréien !



http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=14-ouschtercup-35202