Gläichspill vun eise Juniors

Foto vun Marco Bertamé



18 March 2017

Eis Juniors sinn no zwee Erfolleger zu enger Alles an Allem gerechter Punktedeelung zu Sandweiler komm. Dobäi hätten déi zwou Equippen de Match fir sech entscheede kënnen. Eis Jongen hätten den Erfolleg awer am meeschten verdéngt gehat.



Eis Jongen kommen gutt an de Match an schaffen sech an der éischter véierel Stonn zwou Goalchancen eraus. Duerno loossen si no an esou geschitt et, dass no 17 Minutten déi Sandweiler mat hirer éischter Aktioun mat 1:0 a Féierung ginn. Dem Sidney Nürenberg ënnerleeft heibäi e ganz onglécklechen Selbstgoal. Domatten net genuch, 6 Minutten méi spéit setzt Sandweiler en zweete Goal drop. Elo erwächen eis Jongen awer nees a kënnen no enger hallwer Stonn op 2:1 verkierzen. Wäit Pass vum Tom Volkmann op den Diogo Lemos op Lénks. Dee flankt flaach eran fir de Samuel Di Donato deen op de Joel Elias gëtt. Dee setzt dann eran. Eis Jongen bleiwen um Drécker an hunn weider Goalchance, de Goal vum Ausgläich fält dann an der 42. Minutt. De Ball gëtt vu Riets flaach era gespillt an dann verpassen zwee Verdeedeger an de Luc Schneider esou, dass de Ball op de Max Bertamé kënnt an deen zitt um zweete Potto direkt of a setzt an de kuerzen Eck.



An der zweeter Halschent ass et hin an hir gaangen, woubäi Sandweiler awer just mat laange Bäll operéiert huet. Spilleresch war den FC Monnerech iwwerdeems iwwerleeën. Den Tom Volkmann huet e Fräistouss un't Lat gesat. Duerno schéckt de Luc Schneider de Max Bertamé op d'Rees. Dee bréngt de Ball flaach an der 16er wou de Joel Elias aus vollem Laf de Ball nëmmen knapp verpasst. Mä och Sandweiler hätt zwee mol treffen kënnen. Esou hätten si kuerz viru Schluss nach den 3:2 maache kënnen. En héije Ball fir hire Stiermer, de Michel Müller kënnt wäit aus sengem Goal mä ass ze spéit a gëtt gelobt. Gott sei Dank geet de Ball un de Potto. Si lafen no mä den Tom Volkmann och a kann mat allerleschter Kraaft mam Kapp retten an esou de Géigner dru verhënneren den 2:2 ze schéissen. Elo ass emol duerch de Lännermatch zwou Wochen Paus befiert et den 1. Abrëll doheem géint d'Entente Mondorf-Remich/Bous-Schengen geet.