AGO: positiv Bilanz, neien Ënnerstand a nei Vestiairen

Foto vun Marco Bertamé



07 April 2017

Ganz positiv ass dem FC Monnerech seng Bilanz vun 2016 ausgefall. De President José Dhur huet déi 50 Leit déi do waren begréisst. Direkt ass hien op de Benevolat ze schwätzen komm dee jo fir all Club esou wichteg ass. Eisen Ouschtercup steet jo virun der Dir an do ginn all Joer 120 bis 150 Leit gebrauch. Leider ass de Benevolat awer ëmmer méi e Problem an et sinn ëmmer déi selwecht déi sech opferen wéi een dat och viru kuerzem an der Zeitung um Beispill Résidence Walfer liesen konnt, an dat ass immens schued wann op ee mol e Club net méi weider maachen kann well kee méi do ass.



Den FC Monnerech gëtt awer ëmmer méi grouss an huet elo ëm 200 aktiv Jugendfussballspiller déi an 11 Equippen am Championnat spillen. Et sinn der esou guer 270 déi eng Lizenz beim FCM hunn. Dat ass awer gläichbedeitend mat engem extrem groussen Besoin u Material an u Finanziellen Moyene an dofir ass och all finanziell Ënnerstëtzung wëllkomm. Den FC Monnerech spillt hei eng Virreiderroll. Kanner gi vun der Strooss geholl a kréien en optimalen Training a Mätscher gebueden. Der Gemeng huet hien en extra Merci gesot fir déi wonnerbar Ënnerstëtzung déi de Club krit. D'Buergermeeschtesch déi leider kuerzfristeg huet missen ofsoen, huet matgedeelt, dass d'Gemeng dem FC Monnerech en extrem prakteschen Ënnerstand beim Terrain 2 bauen wäert an och nei Vestiairen sinn virgesinn. Doriwwer eraus ginn déi wichteg Subsiden weider bäibehalen. Dann sot de President, dass de Comité zu 100 Prozent hannert eiser éischter Equipe an hirem neien Trainerduo Fiorucci/Miccarelli steet fir, dass de Barragematch nach vermidden gëtt. Ganz positiv Wierder huet hien och fir eis zweet Equipe fonnt déi an déi 1. Klass opgestigen sinn an esou eisen jonken Spiller, déi de Sprong an déi éischt Equipe nach net direkt packen, eng exzellent Qualitéit u Championnat bitt. Dräi Jugendspiller haten et am Ufank vun der Saison an der Kader vun der éischter Equipe gepackt an dat ass ganz positiv.



De Jupp Biever huet de Rapport d'activités administratif et sportif virgedroen. erausgestach huet a sengem Rapport, dass Seniors 2 déi lescht Saison mat enger 2. Plaz den Opstig an déi éischt Klass geschafft hunn an dofir si si jo och virun enger Woch vun der Gemeng geéiert ginn.



Fir d'Jugendkommissioun huet de Norbert Burelbach virgedroen. Déi vill Kanner (ewell 24 Bambinis!) bedeiten eng grouss Organisatioun an do mussen vill Leit eng Hand mat upaken. Op eisem Terrain 2 ginn pro Mount 20 Jugendmätscher ausgedroen an et sinn 30 Trainingen um Terrain 2 an 3. Um Wantercup fir Kategorien Bambinis bis Scolaires waren ca 400 Spiller am Asaz. Dofir huet hien de Cadets a Juniors Spiller och speziell Merci gesot, dass si als Schiidsriichter aushëllefen well bis Poussins, muss de Club d'Schiidsriichter selwer stellen. Véier mol huet Jugendkommissioun Futsal an der Hal organiséiert wat och der Kees gutt deet. Eis Minimes, Scolaires an Cadets waren op en Turnéier an't Ausland a op der Chrëschtfeier huet all Jugendspiller e Rucksak als Kaddo krut.



De Rapport financier de vum Comptabel René Thill gemaach gouf, huet de President virgedroen. Wou 2015 nach eng Perte vun 10.000 EUR waren, ass 2016 e Boni vun 2.000 EUR eraus gesprongen. Dat ass awer gréisstendeels doduerch ze erklären, dass de Club 2015 manner Subsiden vun der FLF krut. Dat waren nach d'Nowéien vun der Saison an der éischter Divisioun. De Budget fir 2016 ass vun 230.000 op 260.000 EUR erop gaangen. Dat ass haaptsächlech duerch zwee Posten ze erklären. Éischtens probéiert d'Jugendkommissioun nëmmen nach Trainer mat mindestens engem C-Jugendschäin ze kréien. Doduerch kéinten awer dëst Joer och méi Subsiden vun der FLF kommen. Zweetens, sinn Transferte duebel esou héich wéi dat lescht Joer.



Positiv ass awer ervir ze sträichen, dass de Sponsoring 2016 méi Suern era bruecht huet wéi 2015 an 2017 dierft deen nach eng Kéier an't Lut goen. Fir den Ouschtercup muss een sech awer fir 2018 no engem neien Haaptsponsor ëmkucken.



D'Réviseurs de Caisse Michel Martins a Jeannot Clement hunn d'Bilane all nogekuckt a keng Anomalie fonnt esou, dass de Michel Martins hei Décharge gi konnt. Per Acclamatioun ass dat ugeholl ginn a béid sinn fir e weidert Joer an hirer Funktioun bestätegt ginn.



Duerno sinn den aktuellen Comité an déi verschidden Rapporten per Acclamatioun gutt geheescht ginn. Déi dräi Membres sortants, Marlène Bertamé , Jupp Biever an Irene Dhur sinn fir e weidert Mandat vun dräi Joer bestätegt ginn.



Zu Gutt a Lescht huet de Schäffen Jean Orlando d'Buergermeeschtesch Christine Schweich vertrueden. Hien huet den Organisatiounscomité fir dee grousse Baby Ouschtercup félicitéiert. Hien kann dat als Grënnungsmember vun der Jugendkommissioun Enn 1991 gutt aschätzen well hien och dobäi war wou deen éischten Mini Ouschtercup mat 50 bis honnert Spiller waren. Elo sinn et der ëm déi 1.000 an dat ass einfach phenomenal an en Haaptbestanddeel fir Kees fir Jugend. Och hien ass der fester Meenung, dass eis éischt Equipe et packt fir an der Éierepromotioun ze bleiwen. Hien huet dann dat bestätegt wat de President schonns ugedeit hat (Ënnerstand a Vestiaires). Gespréicher wieren ganz konstruktiv gewiescht an't Gemeng géif hir Verspriechen an Engagementer anhalen. Desweideren hofft hien, dass de Club op sportlechem Plang nach een drop setzen kann.



Ganz um Schluss huet de President nach e sozialen Aspekt ervir gehuewen. Säit dräi Wochen sinn nämlech dräi Flüchtlingen an der zweeter Equipe opgeholl ginn. Ouni näischt sinn si komm, elo hunn si Schong a Saachen fir un ze doen krut. De Club kuckt elo mat der FLF wéi dat ze léisen ass fir, dass déi dräi eng Lizenz kréie kënnen. Esou huet de Club am sozialen Beräich gehollef a probéiert elo déi dräi beschtens ze integréieren.



En allerleschte Merci goung dann un all Sponsore, un't Gemeng an natierlech un all Bénévolen.