Den FCM wënnt Véier Länner Turnéier vum Ouschtercup

Foto vun Marco Bertamé



14 April 2017

Déi 14. Editioun vum Ouschtercup ass lancéiert. D'Wieder huet och mat gespillt. Um 17 Auer ass et lass gaangen, an dat mam Match FC Monnerech géint den FC Thionville. Zwee mol sinn d'Fransousen a Féierung gaangen, zwee mol huet de Luc Schneider ausgeglach esou, dass et no 40 Minutten 2:2 stoung an Eelefmeter hu misse geschoss ginn. De Michel Müller huet direkt deen éischte gehalen, mä leider ass dem Luc Schneider säin un de Potto gaangen an esou huet nach ee véierten Eelefmeter misse geschoss ginn. An deen huet de Michel Müller nees eng kéier gehalen an esou wënnt Monnerech mat 5:4



SJG Saarlouis-Dillingen aus Däitschland huet an der zweeter Halleffinale duerch zwee spéit Goaler mat 2:0 géint déi hollännesch Equipp vun RKSV Merefeldia-Nederweert gewonnen. Et waren allerdéngs zwee Geschenker.



Déi kleng Finale ëm déi drëtte Plaz hunn eis franséisch Nopere vun Thionville fir sech entscheet. Si hunn am Ufank vun der zweeter Halschent den 1:0 erofgeschoss fir an der allerleschter Minutt de Sak zou ze maachen an 2:0 ze wannen.



Da war et un eise Jonge fir an der Finale géint SJG Saarlouis-Dillingen un ze trieden. Eis däitsch Kollegen haten nawell e puer gutt Geleeënheete fir e Goal ze schéissen, mä dat ass hinnen awer net gelongen. Eis Jongen hu gutt dogéint gehalen. Dann, eng Minutt viru Schluss kritt Monnnerech e Fräistouss op der Mëttellinn zougesprach. Den Diogo De Matos schléit de Ball virun de Goal, ee Verdeedeger béckt sech och nach fir de Ball duerch goen ze loossen, mä da setzt de Ball op a geet iwwert de Goalkeep an ënnert d'Lat fir am Netz ze landen. Et ass den 1:0 an esou bleift et och. Nom Turnéier war am gehëtzten Zelt Präisiwwerreechung. Eis Arbitteren, de Romain Sales an de Pedro Oliveira esou wéi hir Assistente Pasqualetto, Marc Depienne a Sam Becker kruten als Merci e Geschenk iwwerrescht an da gouf et fir all Equipp eng schéi Coupe an eng Medaille fir jiddereen. E Cadeau vun eisem Haaptsponsor Join gouf et uewendrop.

Photogalerie: http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=1958



Et ware vill Leit am Zelt an den DJ Dirty Sanchez huet mat senger Musek fir eng gutt Stëmmung gesuergt. Déi ass nach méi grouss ginn wou de Béier Pong Turnéier lass gaangen ass. Do war eng richteg lass. Et si vill jonk Leit extra dowéinst op de Stade Communal vu Monnerech komm. Am ganzen waren 32 Equippen um Start. E ganz gelongenen Start fir eisen Ouschtercup.

Legendas mam David Marques a mam Eldin Softic huet gewonnen. Zweet ass "One D is not enough" (David Michels an Désirée Schlim) ginn. Op der drëtter Plaz hu sech de Luca Cogonoi an de Claude Roeltgen mat "Team Biitschen klasséiert a op déi gutt véierten Plaz ass "The Virgins" mam Gilles Faber a mam Christophe Arnold komm.

Photogalerie: http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=1973