Ouschtercup: Jeunesse an Déifferdeng wannen um Sonnden

Foto vun Marco Bertamé



16 April 2017

Nom Véier Länner Turnéier fir U18 op Karfreideg ass et Ouschtersonndeg mat de Minimes an de Scolaires weider gaangen. D'Wieder war OK, Et hat just am Ufank eng Kéier kuerz ugesat fir ze reenen, mä duerno huet et sech bis zum Schluss gehalen. Bei de Scolaires konnte mir Ersatz fir ofgemellten Equippe fannen, bei de Minimes ass en kuerzfristeg ofgesprongen, eng aner huet eis haut matgedeelt, dass si leider keng Equippe zesumme krute well si och schonns enzwousch anescht am Asaz waren. Dat ass fir den Organisateur natierlech ëmmer enttäuschend wann dat passéiert. Déifferdeng hat genuch Spiller dobäi an huet zwou Equippen un de Start geschéckt. Hinnen, e grousse Merci dofir. Esou huet nach just eng Equippe gefeelt. Fir Déifferdeng huet dat sech dann och voll ausbezuelt. Si si mat hiren zwou Equippe jeeweils Éischt an hirer Grupp ginn an hunn esou mat Monnerech A an der Fola ëm Coupen gespillt. Éischten ass Déifferdeng A, Zweeten den FCM A, Drëtten den FC Déifferdeng B a Véierten ass déi Escher Fola ginn. Den FCM B ass op déi 15. Plaz komm.



Bei de Scolaires hunn Déifferdeng, Hesper, Fola a Jeunesse sech als Éischt an der Virronn klasséiert. Um Enn huet déi Escher Jeunesse d'Rennen fir sech entscheet. Si hunn d'Fola Esch, de Swift Hesper an den FC Déifferdeng op Plaze verwisen. Den FCM B ass op déi 8. Plaz komm an den FCM A op déi 9. Plaz.



Den Nico Keiffer vum RTL war och mat engem Kameramann op der Plaz. Um Méinden geet et mat de Kategorië Poussins, Pupilles a Bambinis weider. Um 8:30 Auer geet et lass.

Classement OC2017 Minimes.pdf