De Banana Ouschtercup um RTL


17 April 2017

Ouschtersonndeg ass de Nico Keiffer vum RTL op Monnerech um eisen Banana Ouschtercup op Besuch gewiescht.

Et war dëst Joer schonns eis 14. Editioun a fir verschidde Memberen aus dem Organisatiounscomité war et ewell déi zéngten Participatioun. De Benevolat ass och e wichtegt Uleies vun eisem President José Dhur. Och wann et net einfach war, fir jiddereen ze motivéieren, esou hu mir et nees fäerdeg bruecht fir ca. honnert Leit mat u Bord ze kréien. Dofir gëllt et hinnen all e ganz groussen Merci aus ze schwätzen a vläicht loossen déi wou dëst Joer net matgemaach hunn, sech fir Jubiläumseditioun vun 2018 jo iwwerzeegen.



D'Reportage vum Nico Keiffer kenn dir an der Emissioun Goal bei 12 Min 51 Sec am RTL Replay hei kucken: http://tele.rtl.lu/emissiounen/goal/3091177.html