Juniors ginn an der 85. Minutt vum Terrain

Foto vun Marco Bertamé



30 April 2017

Den FC Monnerech ass op dësem 6. Spilldag als Tabellenéischten bei de Noper Schëffleng gaangen. Dass déi Mätscher et ëmmer an sech hunn, ass gewosst. Et war een deemno an dësem véierten Duell vun der Saison och virsiichteg an de Match gaangen. Eis Jongen hu vläicht och heiwéinst net hire gewinnten a beschte Fussball gespillt. Trotzdem hate si an der éischter Halschent dräi gutt Goalchancen fir a Féierung ze goen. Mä do huet all Kéiers de Killerinstinkt gefeelt. Déi Schëfflenger waren allerdéngs méi aggressiv an den Dueller an haten sech zwou grouss Goalchancen eraus gespillt. Déi waren allerdéngs just duerch krass Monnerecher Stellungsfeeler zustane komm. Zwee mol huet de Michel Müller excellent mam Fouss gerett.



An der zweeter Halschent geet Schëffleng no véier Minutten mat 1:0 a Féierung. E Ball an't Déift no enger Firwäertsbewegung vum FCM war déidlech. Direkt zwee Schëfflenger stoungen ganz eleng, awer extrem abseitsverdächteg, virum Michel Müller an hunn deem keng Chance gelooss. Monnerech reagéiert an an der 55. Minutt geet dem Max Welfring säi Kappball no engem Corner ganz knapp laanscht de Goal. Dräi Minutten méi spéit klaut de Max Bertamé engem Verdeedeger de Ball, geet an de Strofraum an zerwéiert de Max Welfring gutt. Deen geréit de Ball awer leider net richteg an esou verpufft nees eng gutt Geleeënheet fir den Ausgläich. Schëffleng bléift op Relancen geféierlech. Esou an der 62.' wou den Arbitter allerdéngs eng Abseitsstellung net päift. De Schoss geet awer dolaanscht. An der 66. Minutt verspillt den FCM awer seng Chancen andeem hannen e Ball net degagéiert gëtt an esou um Géigner verluer geet an esou den total onnéidegen 2:0 kasséiert. Duerno probéieren eis Jongen et nach eng Kéier a spillen elo erstaunlecherweis gudde Fussball. De Sidney Nürenberg verfeelt de Goal knapp mat engem Schoss aus 25 m, de Lux Schneider scheitert un enger Glanzparad vum Goalkeeper deen de Ball an't Kräiz siche geet an de Max Welfring rennt virum Goal a ganz gudder Positioun aus der Dréiung laanscht de Ball. Déi zéng lescht Minutten lafen an et fänkt elo un méi haart ze ginn. An der 83. Minutt jäizt ee Schëfflenger sengem Trainer eppes zou wat een net wëllt héieren a nëmmen eng Minutt méi spéit brécht no engem Foul e grousse Sträit aus. Och no engem spontanem Agräifen vun Offiziellen sinn Gemidder ganz schwéier ze berouegen. Ee Schëfflenger krit déi rout Kaart gewisen, mä eis Jongen hu keng Loscht méi ënnert dësem Ëmstänn weider ze spillen a gi vum Terrain. Et ass traureg, dass verschidde Spiller hir Frustratioun um Terrain eraus loossen mussen. Dat huet dann näischt méi mat Sport ze dinn. De Sport ass hei ganz kloer de Verléierer!



Photogalerie: http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2007