3
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
News

Juniors bäissen sech fest

Géint eng ganz kämpferesch Munnerefer Ekipp, hunn eis Jonge kee Mëttel fonnt fir eng gutt organiséiert Ofwier ze knacken. Monnerech huet zwar Ufanks optesch dominéiert, konnt awer bescht Méiglechkeeten duerch de Max Bertamé
Max Bertamé
 an de Fabio Oliveira net verwäerten. Et war ganz schwéier op deem plätschnaasse syntheteschen Terrain Halt ze fannen. Domatten haten eis Jongen nawell vill ze kämpfen. Déi ganz éischt Halschent huet et gereent. Da kritt Munneref zentral op gutt 20 m e Fräistouss zou gesprach. De Schoss gëtt ofgewiert, de Noschoss lant am Netz. Dat war déi éischt Aktioun vun deene Munnerefer. An déi hunn d'Reim duerno enk gehalen an hunn gekämpft.

No der Paus huet de Luc Schneider
Luc Schneider
 an der 50. Minutt aus 20 m knapp verzunn. Monnerech war beméit no fir ze spillen, ass awer ëmmer un engem Kapp oder Fouss hänke bliwwen. Munneref war aggressiv an den Dueller, wat een och un de ville Kaarten erkenne kann. A Munneref war ganz geféierlech op Konter. Gläich e puer mol haten eis Jonge bal en zweete Goal geschoss krut. Eis Jongen hu sech keng richteg Goalchance méi eraus gespillt esou, dass um Enn de Munnerefer Erfolleg verdéngt war. De Géigner war besser organiséiert an huet vill méi leidenschaftlech gekämpft. Et muss een awer och soen, dass verschidde Spiller schonns e Mëttwoch an och e Freiden mat der zweeter Ekipp gespillt haten. Do huet da verständlecherweis déi lescht Sprëtzegkeet gefeelt.

Geschrieben von Marco B, am 13.05.2017 um 23:48 Uhr.


Entente Mondorf-Remich/Bous-Schengen
 
FC Mondercange
Entente Mondorf-Remich/Bous-Schengen
1:0
FC Mondercange


    Melde dich anhand eines sozialen Netzwerkes an:

    oder erstelle ein neues Konto hier:
    Benutzername 
    Vorname 
     
    Nachname 
     
    E-Mail 
    Passwort 
     
    Passwort wiederholen 
     
    Land 
     
    Geburtstag 
     
     
      ?
      Ja              Nein 
     
     Ich akzeptiere die Nutzungsbedingungen und die Datenschutzregelung
    Die Webseite von ist ein Teil von Sport50-Network. Du kannst also ganz entspannt alle Internetseiten in unserem Netzwerk durchstöbern ohne dich jedes mal registrieren und einloggen zu müssen.
    oder

    Du hast schon ein Konto? Melde dich hier an: