3
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Mondercange...
Photosaustellung

Ee vun deenen aacht Kakémonoën
Originalgréisst: 1,20 X 2m


Vernissage vun der Photosausstellung

No der Präisiwwerreechung vum Galamatch fir Cadets, FC Monnerech - FC Metz, ass et direkt mam Vernissage vun der Photosausstellung zu Éiere vun der 10. Editioun vum Ouschtercup weidergaangen.

Virun enger ganzer Rei Leit an Invitéeën, dorënner Sponsoren, lokal Sportkommissioun an déi Monnerecher Schäffen Christine Schweich a Jean Orlando huet de President vum FCM, José Dhur e puer Wuert zur Erklärung ginn an huet dann de Micro un de Jean Orlando weider ginn deen dës Initiativ héich gelueft huet.

Nodeems béid Schäffen an't Mariette Bemtgen, dat Sportkommissioun vertrueden huet, en T-Shirt vum Ouschtercup 2013 iwwerreecht kruten, ass dat offiziellt Bändche vun eise Gemengepappen duerchgeschnidde ginn. Elo konnten d'Leit déi 350 Photoen, 8 Kakémonoën an eng Ganz Rei vun aner Impressiounen déi d'Geschicht vum Ouschtercup phantastesch dokumentéieren, bewonneren. Munch een huet sech oder Kanner op de Photoen erëmerkannt. Do war natierlech prompt Diskussiounsstoff do.

E grousse Merci un't Gemeng déi dës Aktioun voll ënnerstëtzt huet an eis den Éierewäin zur Verfügung gestallt huet. Esou sinn d'Leit bei engem Pättchen nach gemittlech am gehëtzten Zelt bliwwen an hu matenee geschwat.

E grousse Succès deemno fir eise COOC dee keng Méi an Investitioun gescheit hat fir dës nei Idee ëmzesetzen. D'Photosausstellung war nach iwwert dee ganze Weekend während dem Ouschtercup ze bewonneren.

Artikel op mywort.lu

Zeréck bei Ouschtercup