Commeratiounsdag zu Monnerech

Photo par Marco Bertamé



09 October 2016

Um Sonnden de Moien war wéi am ganzen Land bei schéinstem Hierschtwieder den Dag vun der nationaler Commemoratioun zu Monnerech.

De Cortège mat de lokale Veräiner - dorënner wéi ëmmer och den FC Monnerech - ass um hallwer eelef lass gaangen. Et ass duerch d'Escher Strooss an dann iwwert Rue Arthur Thinnes zeréck bei d'Kierch bei d'Monument aux Morts gaangen wou Blummen néiergelooss gi sinn an d'Buergermeeschtesch Christine Schweich eng Ried gehalen huet. Duerno ass op der Plaz en neit Monument zu Éieren vun de Monnerecher Jongen am zweeten Weltkrich offiziell ageweit ginn. Um Monument stinn all bekannten Nimm vun deene Jongen déi tëscht 1940 an 1945 an de Krich agezunn goufen. An dësen Zäiten wuel e wichtegt Zeechen an wichteg, dass jiddereen weess wéi eng Monnerecher Jongen an de Krich hu missen goen.



Duerno ass traditionell den Aperitif -offréiert vun der Gemeng -op de Duerfplaz zesummen gedronk ginn.



Photoen fann dir an der Galerie