Eischte Mee Feier beim FCM

Foto vun Gérard Batting



01 May 2018

Traditionell, ass den FC Monnerech fir den éischte Mee an de Bësch gaangen fir säi Meekranz ze maachen. Et war e bëssen frësch a viischt no deem ville Reen aus deene leschten Deeg, mä dofir war de Bësch ëmsou méi Gréng.

Duerno gouf et um Terrain 2 Aperitif befiert eis éischt Ekipp no hirem Training op e gudde Maufel komm ass. D'Jugendkommissioun huet gegrillt a Fritten gemaach, an Zaloten an Dessert gouf et am Zelt och genuch. Do konnt een bei Musek gemittlech iessen an e Patt drénken. D'Wieder war awer gutt genuch fir am Fräien ze sinn a mat Spiller an Trainer oder Bekannten ze poteren. Iwwerdeems hunn d'Kanner um syntheteschen Terrain gespillt an esou koum jiddereen op seng Käschten.