Gebakene Fësch am Panorama-Zelt

Photo par Marco Bertamé



14 April 2017

Wéi all Joers, gëtt et beim FC Monnerech op Äschermëttwoch an op Karfreideg gebakene Fësch. Dëst Joer gouf et awer e Novum: mir hu nämlech vum Zelt fir den Ouschtercup profitéiert an hunn et do statt am Club House gemaach. A jiddereen ass op seng Käschte komm. Et war vill méi Plaz a gemittlech an deem schéinen hellen Zelt mat holzenem Buedem. A fir eis Leit hannert dem Comptoir war och vill méi Plaz an esou méi agreabel fir ze schaffen. Wéi ëmmer huet dem Gianni säi Fësch ganz gutt geschmaacht. D'Jugendkommissioun vun der Escher Jeunesse hat esou guer e ganzen Dësch vun 12 Leit reservéiert. Am ganze ware ca. honnert Leit do, e grousse Succès deemno. Just eng Grupp wollt sech dat net undoe fir an engem Zelt z'iessen an huet sech ofgemellt. Wann dat awer kee Feeler war ! Wéi gesot, et huet een nëmmen zefridde Gesiichter gesinn.



Photogalerie: http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=1956