Juniors bäissen sech fest

Foto vun Marco Bertamé



13 May 2017

Géint eng ganz kämpferesch Munnerefer Ekipp, hunn eis Jonge kee Mëttel fonnt fir eng gutt organiséiert Ofwier ze knacken. Monnerech huet zwar Ufanks optesch dominéiert, konnt awer bescht Méiglechkeeten duerch de Max Bertamé an de Fabio Oliveira net verwäerten. Et war ganz schwéier op deem plätschnaasse syntheteschen Terrain Halt ze fannen. Domatten haten eis Jongen nawell vill ze kämpfen. Déi ganz éischt Halschent huet et gereent. Da kritt Munneref zentral op gutt 20 m e Fräistouss zou gesprach. De Schoss gëtt ofgewiert, de Noschoss lant am Netz. Dat war déi éischt Aktioun vun deene Munnerefer. An déi hunn d'Reim duerno enk gehalen an hunn gekämpft.



No der Paus huet de Luc Schneider an der 50. Minutt aus 20 m knapp verzunn. Monnerech war beméit no fir ze spillen, ass awer ëmmer un engem Kapp oder Fouss hänke bliwwen. Munneref war aggressiv an den Dueller, wat een och un de ville Kaarten erkenne kann. A Munneref war ganz geféierlech op Konter. Gläich e puer mol haten eis Jonge bal en zweete Goal geschoss krut. Eis Jongen hu sech keng richteg Goalchance méi eraus gespillt esou, dass um Enn de Munnerefer Erfolleg verdéngt war. De Géigner war besser organiséiert an huet vill méi leidenschaftlech gekämpft. Et muss een awer och soen, dass verschidde Spiller schonns e Mëttwoch an och e Freiden mat der zweeter Ekipp gespillt haten. Do huet da verständlecherweis déi lescht Sprëtzegkeet gefeelt.