Juniors bleiwen un der Spëtzt

Foto vun Marco Bertamé



01 April 2017

An hirem véierten Match sinn eis Juniors zu hirem drëtten Erfolleg komm a féieren Tabell mat 10 Punkten weider un. Eis Jongen sinn awer schwéier an de Match komm. Alles ass ze vill op eneen an et kommen keng dräi Passen no eneen un. De Gaascht vun der Entente Munneref hat zwee mol eng Goalchance befiert Monnerech an an der 25. Minutt hat. De Max Welfring blouf awer um Golkipp hänken.Dann ass de Michel Müller bei engem Konter awer ganz opmierksam. éiert de Samuel Di Donato no engem Zouspill vum Luc Schneider den 1:0 mécht.



Déi zweet Halschent sinn eis Jongen méi aggressiv a maachen Drock op de Géigner. E schéine Ball an Déift op der rietser Säit kann de Joao Lopes gutt verwäerten a bréngt eng Flank virun de Goal déi de Luc Schneider nach just iwwert d'Linn drécke muss. 2:0 an der 49. Minutt. Elo hunn eis Jongen de Géigner fest am Grëff an an der 55. Minutt verlängert de Max Welfring hannert der Mëttellinn direkt op de Luc Schneider deen op de Goal zouleeft fir dann aus 16m laanscht de Golkipp zum 3:0 eran ze setzen. Duerno ginn eis Jongen de Match lues a lues awer onmëssverständlech aus der Hand a maachen de Géigner staark déi e puer mol geféierlech ginn. An der 70. Minutt hätt de Max Welfring de Match awer dout maachen kënnen. Seng Abseitsstellung gëtt net vum Arbitter erkannt, mä eleng virum Goalkeep geet säi Schoss knapp dolaanscht. Dofir kann Munneref awer zwou Minutten drop verdéngt op 3:1 verkierzen. Et huet een Angscht missen hunn, dass Munneref nach ee schéissen géif, mä déi lescht zéng Minutten waren eis Jongen nees méi aktiv. Luc Schneider a Rafael Campos hunn hir Goalchancen net genotzt. Dat ass dem Fabio Oliveira awer an der Nospillzäit gelongen an esou geet dës Match mat engem 4:1 fir Monnerech aus.