Juniors leeën sech domm un a verléieren


11 November 2016

Eng Woch nom Aus an der Coupe du Prince, haten eis Junioren de Noper Schëffleng op Besuch. An der éischter Halschent hunn eis Jongen de Match am Grëff gehat, hunn awer guer näischt aus hirer optescher Iwwerleeënheet gemaach. Ze lues, ze vill ëmständlech an ze wäit vum Géigner waren si. Wou si an der 60.' den 1:0 duerch de Samuel Di Donato geschoss hunn, do huet ee geduecht, dass et awer nach gutt géif ginn. Et huet och esou ausgesinn, mä statt den 2:0 ze schéissen, hu si an der 71.' op e Konter hin den Ausgläich kasséiert, dann och nach den 1:2 an der 81.'. An der 88.' kasséieren si e weidere Goal a verléieren de Match verdéngt mat 1:3 géint Schëfflenger déi nodeems si op Verléiererstrooss geroden waren, vill méi wannen wollten wéi eis Jongen déi fir hiert passiivt Verhalen bestrooft goufen.