Juniors verléieren knapp

Sidney Nürenberg Foto vun Marco Bertamé



26 November 2016

Nodeems eis Juniors de Match géint Schëffleng verluer haten, hu si sech anscheinend net méi heivunner erholl. Déi lescht Woch si si däitlech a verdéngt zu Beetebuerg als Verléierer vum Terrain gaangen an haut huet et op der Escher Grenz trotz engem fréien Goal nees net geklappt. OK, et waren gläich eng Rei Leeschtungsdréier déi nees gefeelt hunn wat den Trainer forcéiert huet op véier Cadets zeréck ze gräifen an dann war do och nach eng ganz komesch Decisioun vum jonken Arbiter deen eis Jongen definitiv op Verléiererstrooss bruecht huet, mä eis Jongen waren awer iwwert laang Strecken ze lasch an ze wäit vum Géigner deen dat kalbliddeg ausgenotzt huet. Eng gutt véierel Stonn am Ufank an um Enn geet eben net duer fir e Match ze wannen!



D'Jeunesse huet an der 6. Minutt e Wäitschoss probéiert deen awer wäit iwwert de Gaol gaangen ass. Vill ze vill Plaz hat deen Escher an dëser Zeen. Dann war e wäite Ball op de Max Bäcker, de Goalkipp kënnt aus sengem Goal a schléit laanscht de Ball. De Max Bäcker seet Merci a léisst de Filet wackelen. Lues a lues verflitt déi Monnerecher Dominanz an't Jeunesse kënnt ëmmer besser an't Spill. An der 25. Minutt gëtt de Ball no engem Corner un't Lat gelenkt. Do hat de Michel Müller nach eng Kéier Chance. Zwou Minutten drop war et dann esou wäit. Eng Kappballofwier an déi falsch Richtung op 40 m vum Goal gëtt zu enger Virlag an dee schneller Escher Stiermer setz an de laangen Eck zum Ausgläich. No 31 Minutten, dann den 2:1 fir d'Heeméquipe. D'Jeunesse dréint ëm de Strofraum ouni, dass een richteg dru geet, dann gëtt d'Flank net vermidden an een Escher steet zu allem Iwwerdross och nach ganz fräi virum Goal a kann era käppen. D'Jeunesse war virun der Paus nach zwee mol geféierlech.





Nom Wiessel hunn eis Jongen probéiert fir erëm bäi ze kommen. Et war awer d'Jeunesse déi mat hire schnellen Konter fir Gefor gesuergt hunn. Esou an der 59. Minutt. Iwwert säit kënnt de Ball an de Strofraum wou de Francisco Gomes de Ball ewech schloen wëllt. Et ass e Pressball deen den Arbiter dozou beweegt en Eelefmeter ze erfannen an em Francisco déi giel Kaart ze weisen. De Michel Müller kann näischt maachen an et steet 3:1. Vun elo un hunn eis Jongen e wéineg resignéiert obwuel de Max Bäcker an der 64. Minutt d'Säitennetz getraff huet. An der 78. Minutt nees e Konter wou een Spiller zwee Monnerecher stoen gelooss huet fir dann mat engem Schoss an de laange Wénkel dem Michel Müller keng Chance ze loossen. Eis Jongen haten d'Roserei an der Panz an hunn sech nach eng Kéier gerappt. Schonns zwou Minutten méi spéit notzt de Max Welfring e gutt Zouspill fir den Uschlossgoal ze schéissen an an der 90. Minutt geléngt him no engem Zouspill vum Francisco Gomes de 4:3. Leider ass dës Reaktioun ze spéit komm well kuerz drop ass et eriwwer. Ee Match bleift nach ze spillen an deen ass géint den Tabellenéischten Titus Péiteng.