Juniors wannen géint Schëffleng

Foto vun Marco Bertamé



11 March 2017

Nom Optakterfolleg géint d'Jeunesse, war een gespaant wéi eis Jongen sech géint de Noper vu Schëffleng géing aus der Affaire zéien. Béid Équipen sinn de Match ganz konzentréiert a fair ugaangen. An der éischter Halschent gouf mam Ball gespillt ouni, dass et vill Dueller ginn ass. Eis Jongen hunn dobäi dee ganzen Terrain a senger Breet ausgenotzt, leider ass déi lescht Pass awer oft net ukomm. De Michel Müller huet an der éischter Minutt sengem Potto Merci gesot. Eng héich Flank gëtt ëmmer méi laang a lant hannert him um Kapp vun engem Schëfflenger deen de Potto trëfft. An der 10. Minutt kritt de Fabio Oliveira no enger Feelpass de Ball zentral virum Strofraum. Dee léisst sech net fléiwen an trëfft zum 1:0. An der 23. Minutt kënnt Schëffleng nees no fir a schléit eng laang Flank vu riets an de Strofraum. Den Diogo De Matos spréngt falsch an hannert him geet de Warren Dos Santos geet och net op de Ball an esou profitéiert de Schëfflenger Spiller a setzt zum Ausgläich eran. Méi war an der éischter Halschent net lass.



Nom Téi sinn eis Jongen direkt méi un't Saach gaangen. De Fabio Oliveira ass geschéckt ginn, zitt virum Strofraum eran a schéisst tëscht zwee Géigespiller aus 14 m op de Goal. De Ball knallt op d'Lat. Hannen sinn eis Jongen net ëmmer sécher a loossen deene Schëfflenger e puer mol ze vill Plaz esou wéi an der 72. Minutt wou de Ball am Säitennetz lant. Am Géigenzuch leed de Max Welfring de Ball op de Fabio Oliveira weider deen vun der Linn zeréck op de Luc virun de Goal gëtt. Dee kontrolléiert de Ball a schéisst aus der Dréiung zur Féierung an't Netz. D'Freed war immens mä bal war dat duerch Onkonzentratioun an der Verdeedegung an't Box gaangen. E Schëfflenger Virstouss gëtt mat engem Schoss deen laanscht de laangen Eck geet, ofgeschloss. Mä eis Jongen loossen et net méi drop ukommen a gräifen weider un. An der 90. Minutt spillt de Max Bertamé op de Max Welfring deen op de Luc Schneider weider leed. Deen gëtt dem Sidney Nürenberg de Ball, mä de Schoss geet knapp laanscht. D'Erléisung kënnt an der Nospillzäit. No engem schéine Spillzuch kann de Joel Lourenco op de Lux Schneider virun de Goal leeën an deen katapultéiert de Ball zum 3:1 eran. E Match ouni Problemer an deem eis Jongen sech hiren zweeten Erfollegen an der Réckronn regelrecht erschafft hunn.