Juniors wannen zu Schëffleng

De Joao am Zweekampf Foto vun Marco Bertamé



01 October 2016

Eis Juniors maachen hir dräi éischt Punkten um Terrain. No enger Néierlag zu Péiteng an engem Forfait Erfolleg géint Rodange, stoung dëse Weekend eng schwéier Sortie um Programm. Zu Schëffleng hänken d'Drauwen ëmmer héich. Et ass jo Lieszäit, wann och net grad zu Schëffleng, mä eis Jongen hu sech ugestrengt fir déi dräi Punkten mat Heem ze huelen. An dat huet och geklappt.



Vill Jongen haten dat lescht Joer de Gilles Rodenbour zu Monnerech bei de Cadets als Trainer. Um Samschden hu si géint seng Schëfflenger Jongen gespillt. Schëffleng schéngt den erwaarten schwéiere Géigner ze sinn, mä Monnerech hält dogéint. Éischt Chance fir de Max Bertamé deen sech de Ball erkämpft an aus 20m just iwwert de Goal zilt. No 13 Minutten steet et no engem schnell gefouerten Konter 1:0 fir den FCS. Dobäi huet eis Verdeedegung net gutt ausgesinn. Lues a lues erkréien eis Jongen sech a spillen sech Chancen eraus. Esou an der 29.' wou de Joao Lopes am Strofraum gefoult gëtt an de Max Welfring de fällegen Eelefmeter äiskal verwandelt. Dräi Minutten drop erkämpft hien sech de Ball géint de leschte Verdeedeger an lobt de Goalkeep dann och nach ganz kalbliddeg zum 1:2. Nees ass et hien deen e weidere Goal um Fouss hat befiert, dass ee Schëfflenger Giel-Rout gesäit. An der Nospillzäit verursaacht den Diogo Coimbra en onnéidegen Fräistouss op der Goal Auslinn an dann stinn zwee Schëfflenger am 5m-Raum ganz aleng um éischten Potto fir zum 2:2 eran ze setzen.



An der zweeter Halschent beweisen eis Jongen awer, dass si haut déi besser Equipe sinn. De Luc Schneider notz an der 51.' eng gutt Viraarbecht vum Samuel Di Donato aus fir zum 2:3 eran ze setzen. Dräi Minutten drop steet de Jorel Lourenco goldrichteg fir no engem Corner op der Goallinn eraus ze käppen. Max Welfring (2 ) a Luc Schneider haten Chancen fir e weidere Goal ze schéissen. Schëffleng bleift awer och geféierlech an dann erkämpft den Emilio Ricci sech op 25 m en Ball erëm wat ganz entscheedend war, dass de Samuel Di Donato mam Ball zéien kann an eng mustergülteg Flank op den zweete Potto maachen kann wou de Gilles Sassel Merci seet an aus vollem Laf den 2:4 mécht. Luc Schneider an Diogo Coimbra hunn weider Chancen befiert de Michel Müller de Ball iwwert d'Lat deviéiert. An der Nospillzäit hunn den Thomas Faber an den Emilio Ricci och nach Goalchancen mä schlussendlech wannen eis Jongen ganz verdéngt an huelen déi dräi Punkten mat Heem. Bravo a weider esou.