NO NAMES wannen de Wiss Cup

Foto vun Marco Bertamé



28 May 2017

Bei décker summerlecher Hëtzt ass um Samschden de Wiss Cup dëst Joer um Terrain 1, also op Gras ausgedroe ginn. Esou haten d'Spiller zumindest net mat deem waarmen syntheteschen Wuess ze kämpfen. Um 9 Auer ass et lass gaangen. Op véier Terraine ass gespillt ginn. Déi wou net gespillt hunn, hu sech op Tribüne an de Schied gesat. Anerer hu sech gesonnt oder hunn eppes guddes vum Grill giess.



28 Ekippen sinn ugetrueden um fënnef Auer stoungen d'Gewënner fest. D'Ekipp NO NAMES mat ënner anerem Bertino Carbral an Eurico Gomes vun Hamm Benfica hunn d'Finale mat 5:1 géint ALSS dominéiert. Drëtt gouf d'Ekipp AREA 32 a Véiert d'Ekipp EVIAN. De Gewënner krut 800 EUR, deen Zweeten huet 10 VIP Entréeën fir an den M Club gewonnen, den Drëtten 10 Trikoten vu City Sports an dee Véierten ëmmerhin nach 10 Pizzaen mat Gedrénks am Restaurant l'Appuntamento vu Biergem. Esou ass no der extrem enttäuschender Néierlag vun eiser éischter Ekipp vum Virowend, d'Saison 2016-2017 mat engem flotten a ganz entspanenden Fussballsdag zu Enn gaangen.



Photogalerie: http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2069