Ouschtercup: Stroossen a Fola wannen op Ouschtersonndeg

Foto vun Marco Bertamé



01 April 2018

Ouschtersonndeg mat Reen a Sonn. Et huet eis net opgehalen fir Fussball zu Monnerech ze spillen. Eisen Ouschtercup ass ëmmer e ganzt beléift Turnéier wou all Ekipp gäre spille kënnt. A wa mir mol e Problem hunn, dass Ekippen sech ofmellen, dann sinn der vill frou nach eng zweeten Ekipp op Monnerech ze schécken. Dat war dëst Joer nees de Fall bei de Scolaires wou déi Escher Jeunesse eis mat enger zweeter Ekipp depannéiert hat. Bei de Minimes hunn zwou Ekippen sech allerdéngs ze spéit ofgemellt esou, dass hei just 14 Ekippen ugetruede sinn.

Bei de Minimes ass Monnerech A hannert CS Veymerange (F) op déi zweete Plaz an hirer Grupp komm. Esou hu si duerno fir Plazen 5-8 gespillt. No drä Erfolleger konnte si dann och déi 5. Plaz fir sech sécheren. Dat war deemno just keng Coupe. Gewonnen huet bei de Minimes den FC UNA Stroossen virun der UN Käerjeng 97, dem FC Déifferdeng 03 an dem CS Veymerange (F). Monnerech C koum op déi 12. Plaz a Monnerech B op déi 14. Plaz.


Bei de Scolaires ass Monnerech A no dräi Erfolleger souverän viru Schëffleng op déi éischte Plaz an hirer Grupp komm. Si konnten deemno am Titelgrupp spillen an haten eng Coupe sécher. Déi Escher Fola huet hei d'Rennen fir sech entscheet. Zweeten goufen eis Éilerenger Noperen an Drëtten goufen eis Jongen nach virun der union Titus Péiteng. Monnerech B koum op déi 15. Plaz.


Um Méindeg de Moien geet et mat 24 Poussins-Ekippen schonns um 8:30 Auer lass! Nomëttes spillen dann ab 14:00 Auer Pupilles a Bambinis

Photoen Minimes & Scolaires


klassement minimes oc 2018.pdf

klassement scolaires oc 2018.pdf