Reserven maachen Fortschrëtter

Foto vun Marco Bertamé



13 August 2017

Um Samschden hunn eis Seniors Réserves hiren véierten Virbereedungsmatch gespillt. Virdrun hate si 0:2 géint Titus Péiteng, 1:2 géint Schëffleng an 2:7 géint Käerjeng verluer gehat. An deem leschte Match waren eis Jongen déi éischt 15 Minutten ganz gudd dobäi well obwuel Käerjeng d'Spill gemaach hat, konnt den FCM II den 1:0 relativ séier fanne. An och duerno haten eis Jongen weider gudd Aktiounen vun hannen no fir probéiert woubäi et awer ëmmer erem um leschten Spillzuch hänke bliwwen ass well déi decisiv Pass net ukomm ass. Käerjeng huet dann zum 1:1 ausgeglach. D'Jongen hunn de Kapp awer net hänke gelooss a glänzen mat weider gudde Spillzich no fir. Leider huet et awer un der néideger physescher Konditioun bei villen Spiller gefeelt an domat konnten si net bis zu Schluss mat halen. Trotzdeem huet den Trainer Sam Houyoux vill Positives aus dësem Match mat geholl.



Dann, wéi gesot dëse Samschden nees géint Schëffleng, dës Kéier awer zu Schëffleng. Obwuel den Trainer fir dëse Match just mat 11 Spiller untriede konnt, war jiddereen bis an't Zéiwespëtzten motivéiert. Si hu versicht et besser wéi an deenen anere Mätscher ze maachen. No 45 Minutten stoung et 0:0. Déi zweet Halschent hunn d'Jongen weider gudd a roueg gespillt an esou ass hinne dann an der 70. Minutt no engem schéine Spillzuch den 0:1 duerch e Wäitschoss vum Peddy Geschwind gelongen. An deene leschten 20 Minutten ass weider disziplinéiert gespillt ginn an de Marc Depienne huet seng Qualitéiten nees mat e puer schéine Paraden ënnert Beweis stelle kënnen. No 90 Minutten stoung deen éischten Erfolleg an der Virbereedung fest. "Mir sinn um guddem Wee", esou een zefriddenen Trainer nom Match.