Sportleréierung vun der Gemeng Monnerech

Foto vun Marco Bertamé



01 April 2017

Um Freiden den Owend sinn am Kulturzentrum "Beim Nëssert" zu Biergem déi bescht a verdéngschtvoll Sportler vun 2016 aus der Gemeng ausgezeechent ginn. Fir den FC Monnerech waren dat eis Minimes-Equipe déi et fäerdeg bruecht hat an déi éischt Klass ze steigen. Mä awer och eis Seniors Réserves ëm den Trainer Yannick Scotto hunn Konschtstéck fäerdeg bruecht an déi héchsten Klass op ze steigen.



En extra Auszeechnung gouf et awer fir den Gianni an't Liane Galasso. Den Gianni huet als Scolaire bei der Jeunesse Esch ugefaangen Fussball ze spillen well et zu Monnerech nach keng Jugendequippen gouf. 1962 ass hien dann op den FCM komm wou hien Juniors an zweet Equippe gespillt huet. Vun 1965 un, huet hien bis 1975 éischt Equippe gespillt. 3 Joer drop huet hien et nach eng Kéier bei der Härenequippe probéiert, mä säi Leeschtebroch ass do nees opgedaucht an esou huet hien ophale missen, huet awer ëmmer , mol hei, mol do eppes fir de Club gemaach. Mat senger Fra Liane an dem Gattis Marco hu si Ufank 1980er de Supporterclub vum FCM gegrënnt. Wou de Gattis Marco als President opgehalen huet, ass den Gianni President ginn. (4 Joer bis 1998). Vu 1999 un ass den Gianni am Comité, ass awer och ëmmer dobäi gewiescht wann eppes ze schaffen ass. Haut ass hien zb. och nach am Comité vum Ouschtercup.



D'Liane huet 1974 als Caissière vun der Dammenequippe ugefaangen. Zum Schluss war hat Vizepresidentin. D'Liane war awer och ëmmer dobäi wann eppes ze schaffen war a wéi gesot, war hat och dobäi wou Ufank der 1980er Joer de Supporterclub gegrënnt gouf. An 1991 war hat och dobäi wou d'Jugendkommissioun vum FC Monnerech gegrënnt gouf. An der 1990er Joren ass hat nach virum Gianni an de Comité vum FC Monnerech komm wou hat Ufank Sekretärin war. Haut ass hat Vizepresidentin.



Den Gianni ass deemno schonns 55 Joer beim FC Monnerech an't Liane ëmmerhin 43. A fir dës super Leeschtung sinn si allen Zwee ausgezeechent ginn. Bravo !



No der Remise vun de Präisser konnten d'Leit nach gemittlech zesummen e Pättchen am Kulturzentrum genéissen.