Street Players wannen de Wiss Cup

Foto vun Marco Bertamé



08 January 2017

Zum Joresufank hat de Marc Depienne mat de Seniors Réserves an't Monnerecher Hal invitéiert. Nom Wiss Cup um Terrain, war et déi éischt Oplag an der Hal, deemno eng Futsal Edition. Fir déi eng war et Spaass, Anerer hunn dëst Turnéier ganz eescht geholl an hunn eis schéinen techneschen an kollektiven Fussball gebueden. Vu Moies 9 Auer un hunn 12 Equipen an der Gruppephase an zwou Gruppen géinteneen gekämpft. Um hallwer fënnef war déi eriwwer an et ass mat deene véier éischten mat de 1/4 Finalen weider gaangen.



An der Grupp A war et folgend Klassement:



1. Progrès 2. Plata o Plomo 3. All Stars 4. FC Wiss 5. D'Berüffs 6. Golden Boys



D'Klassement an der Grupp B war dat heiten:



1. Street Players 2. SV Wacker Durchsaufen 3. 2FK 4. Gruefwiss Leideleng 5. The Big Beer Theory 6. Jay's Family



Déi wou de längsten Otem haten, waren dann iwwer 9 Stonnen am Asaz. Déi zwee déi an der 1/2 Finale ënnerleeën waren, hunn an der klenger Finale déi drëtten Plaz ënner sech ausgemaach. Den SV Wacker Durchsaufen wënnt déi no enger 4:2 Victoire géint den 2FC.



An der Finale ass et ganz spannend hiergaangen. Hei konnten Street Players sech no engem Kraaftakt mat 3:2 géint de Progrès Déifferdeng duerchsetzen. Dobäi waren déi Déifferdenger mat 0:2 fir befiert Street Players nach ausgläichen konnten, an dann an der leschter Minutt nach den decisiven 3:2 geschoss hunn.



Domadder war e laangen a spannenden Fussballsdag eriwwer. Déi éischt Editioun vum Wiss Cup Futsal Edition war e vollen Erfolleg!



Photoën vum Turnéier an der Galerie