Wantercup 2018 vum FC Monnerech

Wantercup 2018 Minimes Foto vun Marco Bertamé



13 January 2018

Schonns um Freiden Owend ass de Wantercup 2018, deen an de Kategorien Bambinis bis Scolaires gespillt gëtt, lass gaangen.


Den Ufank hunn d'Scolaires gemaach. Gewonnen huet de Noper aus Éilereng no enger ganz spannender Finale géint Hueschtert, an dat no Penalty. Den FC Monnerech A ass op déi 5. Plaz an den FC Monnerech B ass op déi 8. Plaz komm.


De Samschden de Moien waren Minimes am Asaz. Och hei ass den FCM mat zwou Ekippen ugetrueden. Allerdéngs war awer och eng Ekipp am FUTSAL am Asaz. Déi zwou Ekippen si leider net iwwert déi leschte Plaz an der Virronn. Dat huet deemno Plazen 9 an 10 bedeit. An der Finale huet déi Escher Fola knapp mat 1:0 géint Syrdall A d'Iwwerhand behalen. Syrdall B ass op déi drëtte Plaz komm.


Nomëttes war et dann un de Pupilles. Hei ass Monnerech mat 3 Ekippen ugetratt. Monnerech A ass Éischten a senger Grupp ginn, iwwerdeems Monnerech B op déi zweete Plaz a Monnerech C op déi 5. Plaz an der Virronn komm sinn. An der klenger Finale ëm déi drëtte Plaz hunn dem Mike Hoffmann seng Weiler Jongen mat 3:1 géint den FCM B gewonnen. An der Finale huet den FCM A seng Iwwerleeënheet ausgespillt a kloer mat 4:0 géint Käerjeng d'Iwwerhand behalen.