Wantercup 2018 vum FCM: Bambinis

Wantercup 2018 fir Bambinis: FCM - FC Éilereng Foto vun Marco Bertamé



14 January 2018

Zum Ofschloss vun der 12. Oplag vum Wantercup hunn Bambinis um Sonndeg Nomëtten gespillt. D'Sportshal war nees gutt gefëllt an't déi kleng Debbësen esou wéi d'Leit op der Tribune ganz begeeschtert. 9 Ekippen hunn an der Virronn an dräi Gruppen gespillt. Hei koumen déi zwou Monnerecher Ekippen all Kéiers op déi zweete Plaz an hunn deemno fir Plazen 4 bis 6 gespillt. Monnerech A huet seng zwee Mätscher gewonnen a koum op déi 4. Plaz iwwerdeems den FCM B op déi 6. Plaz komm ass. Gewonnen huet den F91 Diddeleng virun der Escher Fola an der UN Käerjeng.

De Wantercup war och dëst Joer nees e vollen Erfolleg. Mir ginn iech am Januar 2019 nees Rdv