Offiziell Aweiung vum neien syntheeteschen Terrain
25th October 2026
FC Mondercange
Um Sonndeg de 25ten Oktober virum Championnatsmatch vun eiser éischter Ekipp géint de Marisca Miersch, ass dee fuschneien synteeteschen Terrain an der Präsenz vun der Sport-Ministesch Martine HJansen, eisem Buergermeeschter Jeannot Fürpass, dem Vize-Präsident vun der FLF Leo Hilger esou wéi vun enger ganzer Rei vunpolitesche Vertrieder offiziell ageweit ginn.
Et ass ee vun der leschter Generatioun, deemno ganz nohalteg an de neien Normen entspriechend déi ënnert anerem ab 2030 de Kunststoffgranulat verbidden. Den Terrain huet 1,2 Milliounen € kascht an de Sportsministère huet 425 k€ bäigeluecht. De Club seet der Gemeng, dem Sportsministère an der FLF villmools Merci fir déi grouss Ënnerstëtzung a kann elo stolz op hier nei Anlag sinn.
#wearefcm
Fotograféiert vum Marco Bertamé
