Ouschtercup: Fola an zwee mol FCM wannen op Ouschterméindeg

Foto vun Marco Bertamé



22 April 2019

Grad wéi Ouschtersonndeg war och op Ouschterméindeg dat schéinsten Wieder. Esou sinn och vill Zuschauer op de Monnerecher Stade Communal komm a just eng Ekipp hat sech kuerzfristeg ofgemellt. Moies ass a 4 Gruppen mat 5 Ekippen bei de Poussins gespillt ginn. An der Grupp A konnt Fola sech just duerch Golverhältnis virun Titus Péiteng behaapten. Am Grupp B huet Bieles sech virun Weiler a Monnerech klasséiert. An der Grupp C Ass d'Union Käl/Téiteng mam Maximum vun de Punkten virun Schuller komm iwwerdeems an der Grupp D d'Fransousen vum CS Veymerange d'Rennen virun Syra Menster an dem CS Uewerkuer gemaach hunn.

An der Endronn huet déi Escher Fola sech virun Bieles, Veymerange (F) a Käl/Téiteng klasséiert. Déi Monnerecher Ekippen hu sech op de Plazen 9, 11 a 16 vun insgesamt 20 klasséiert.


Nomëttes war den Undrang dann nach méi grouss. Pupilles a Bambinis hu gespillt. Hei konnt den FC Monnerech sech zwee mol duerchsetzen an Turnéier gewannen.

Bei de Pupilles konnten Schëffleng, RM Hamm Benfica, Progrès Nidderkuer  a Monnerech A sech an hiren Gruppen vun der Virronn duerchsetzen a sinn duerno géinteneen ugetrueden fir de Gewënner ënnert sech auszemaachen.  An dat war eng spannend a ganz knapp Geschicht! Am éischt Match ass den FCM géint dee staarken RM Hamm Benfica ugetrueden. Et konnt een fäerten, dass si Monnerech iwwerrennen géifen well no e puer Minutten stoung et 0:3 an den FCM hat bis dohinner näischt zegutt. Dann hu si ëm all Ball gekämpft a super Fussball gespillt. Bannent zwou Minutten stoung et 3:3, dann esou guer 4:3. Mat der Schlusssirene kann de Stater Club awer nach op 4:4 ausgläichen. Déi zwou Ekippen hunn och hiren zweete Match gläich gespillt esou, dass dee leschte Match entscheedend war. RM Hamm huet säi Match 1:0 gewonnen iwwerdeems den FC Monnerech A 4:0 gewënnt an esou op déi éischte Plaz kënnt. Wéi gesot kënnt  den RM Hamm Benfica op déi zweete Plaz, de Progrès Nidderkuer op déi drëtten a Schëffleng op déi véierten. den FCM B ke¨nnt op déi 16. Plaz


Bei de Bambinis war et och ganz spannend. An der Virronn hunn den FC Monnerech A, d'UN Käerjeng 97, d'Union Titus Péiteng an den RFCUL d'Rennen gemaach an hunn sech esou fir Plazen 1 bis 4 an der Endronn qualifizéiert. Den FCM A huet seng zwee éischt Mätscher gewonnen. Den RFCUL huet eemol gewonnen an eemol gläich gespillt. Am leschte Match huet den RFCUL deemno onbedéngt gewannen missen iwwerdeems Monnerech e Gläichspill duergaangen ass. De Match war ganz spannend. Den RFCUL ass mat Chance a Féierung gaangen. No engem Schoss op de Goal konnt de gudden Monnerecher Goalkeep de Ball ofwieren. E Monnerecher Spiller huet de Ball awer dann an d'Hänn geholl. Eng Kuerzschlussreaktioun déi dem RFCUL erlaabt huet duerch e Penalty mat 0:1 a Féierung ze goen. Schnell hunn déi Monnerecher Spiller ausgeglach an hunn weider probéiert en zweeten drop ze setzen. Um Enn sollt et awer mat 1:1 ausgoen. Dat Resultat ass dem FC Monnerech A duer gaangen fir Turnéier virum RFCUL ze gewannen. Käerjeng an Titus Péiteng sinn op d'Plazen 3 a 4 komm. Monnerech B ass op déi 16. Plaz komm.

Mat deenen zwee Monnerecher Erfolleger ass e ganz flotten Weekend zu Enn gaangen. Et kann een nees eng Kéier stolz behaapten, dass déi 16. Editioun vum Ouschtercup e ganz gudde Cru war. Immenst Wieder, vill Zuschauer an dräi éischt Plazen fir den FC Monnerech! Mär ginn iech elo schonns RDV fir den Ouschtercup 2020. Et bleift eis just nach all de Benevollen e groussen Merci auszeschwätzen.

oc 2019 resultater bambinis 1. tour.pdf

oc 2019 resultater bambinis 2. tour.pdf

oc 2019 resultater pupilles 1. tour.pdf

oc 2019 resultater pupilles 2. tour.pdf

oc 2019 resultater poussins 1. tour.pdf

oc 2019 resultater poussins 2. tour.pdf