Bravo un eis Seniors Réserves!

Foto vun Marc Depienne



18 April 2023

De Méindeg den Owend war e wichtege Match fir dem Depiennes Marc seng Seniors Réserven. Konditiounen vun der Stee waren bekannt: Kritt den FCM II op d'Mannst ee Punkt géint den FC Mamer II, da steigen si fënnef Spilldeeg viru Schluss sécher an déi éischt Klass ze steigen. 


Soe mer et direkt, eis Seniors Réserves hunn et gepackt a steigen an déi éischten Klass! Féliciatiounen un de Marc Depienne an all seng Jongen!

Eis Jongen hunn de Match vun Ufank un sérieux geholl a sinn och direkt duerch de Lélé a Feierung gaangen (2.'). Dat huet hinnen natierlech an d‘Kaarten gespillt. Den Diogo Coimbra huet an der 31.' nach een dropgesat. An der zweeter Halbzeit hunn eis Jongen dunn de Sak schnell zougemaach a näischt méi ubrennen gelooss. Joao Solva an der 46.', de Lélé nach eng Kéier an der 60.', den Joao Silva an der 75.' och mat sengem zweeten perséinlechen Goal an zum Schluss den Vincenzo Amato zum 6:0 a Schlussresultat. Domadder steet elo schonns fest, dass si mindestens als beschten Zweeten vun deenen zwee Bezierker steigen, an dat wann si déi fënnef lescht Mätscher verléieren géifen. Et wär awer gelaacht wann de Marc dat erlaben géif. Au Contraire, hie wëllt déi fënnef verbleiwend Spilldeeg notzen fir Champion vun der 2. Klass ze ginn, awer och fir de Championnat ouni Néierlag ofzeschléissen. Eis Seniors Réserves stinn aktuell mat 49 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell, 6 Punkten viru Käerjeng a 19 Punkten viru Rëmeleng. 


Hei d'Opstellung vun der Ekipp:

Dzemil Husovic, Vincenzo Amato, Diogo Coimbre, Bilal El Amroui, Patrick Mei, Jasmin Babacic, Paul Bossi, Dany De Sousa, Alexandre Dos Santos Mendes (Lélé), Kevin Ruppert, Joao Silva.

Et koumen am Laf vum Match eran: Chris Felten fir Jasmin Babacic, Alex Dias fir Bilal El Amraoui a Yann Bourscheid fir Kevin Ruppert

Op der Bänk sutzen nach Hendrik Janssen an Diogo De Matos


#wearefcm