Champion vun der zweeter Klass!


06 May 2023

Nach eng Kéier e grousse Bravo un dem Marc Depienne a seng Seniors Réserven déi gëschter Owend de Champions Titel perfekt gemaach hunn. Den 18. Abrëll hate mer schonns gemellt, dass si sécher waren an déi 1. Klass ze steigen, abee, säit gëschter Owend, an dat zwee Spilldeeg virun Enn vun der Saison, sinn si och nach Champion vun der Klass. Dofir musse mir de Jongen e groussen Bravo ausschwätzen well et ass ganz einfach eng aussergewéinlech Saison déi si gespillt hunn. 19 mol gewonnen a just ee mol gläichgespillt an iwwert 100 Goler geschoss, dat muss een emol nomaachen. Dat sinn 58 Punkten wou Käerjeng der mat engem Match manner just 46 huet. Mä och déi hunn eng staark Saison gespillt. Zum Verglach, am éischten Bezierk vun der zweeter Klass huet Lorentzweiler 41 Punkten an den Zweeten FF Norden 02 der just 36. Deemno ass och UN Käerjeng 97 als beschten Zweeten an déi éischt Klass opgestigen. Hinnen wëlle mer vun hei aus och felicitéieren.

Schonns um Méinden hat eis zweet Ekipp mat 9:1 doheem géint Gaasperech gewonnen.Oguzhan Kaylesiz, Paul Bossi, Anasse Bekhaled an Alex Dias haten fir d'Pauseresultat gesuergt. An der zweeter Halschent hunn  de Lélé, de Faissal Saharoui, den Oguzhan Kaylesiz, den Anasse Bekhaled an den Dany De Sousa d'Resultat op 9:0 geschrauft befiert et de Gäscht gegonnt war den Éieregol ze schéissen.

De Freiden den Owend waren eis Seniors Réserven dann op Réimech a hunn duerch zwee schnell Goler an der éischter Véierelsstonn demonstréiert ween Här a Meeschter ass. De Joao Silva an debn Oguzhan Kaylesiz hunn d'Goler geschoss. Um Enn huet de Joao Silva mat sengem zweeten perséinlechen Gol d'Endresultat vun 0:3 erstallt.


Et bleiwen nach zwee Mätscher ze spillen, an déi wëllen eis Jongen och nach wannen. Freideg den 12. Mee geet et doheem géint Äischdall a Méindes den 22. Mee ass de leschte Championnatsmatch zu Weiler.


Elo hoffe mer nach just, dass eis éischt Ekipp de Sonnden zu Käerjeng wannen geet fir e klenge Schratt a Richtung Klassenerhalt ze maachen. Mir wënschen hinnen bonne Chance.


#wearefcm