Coupe Seniors Réserves: Souverän weider


02 October 2023

Dem Marc Depienne seng Jongen hunn um Méindeg Owend an der Coupe gespillt an dobäi Schuller kloer mat 9:1 heem geschéckt.
 
Opgefall ass virun allem den Ibrahim Carlak, e neien Spiller deen säit kuerzem am Kader vun der éischter Ekipp integréiert ass. Hien war mat 7 Scorerpunkten massiv un dësem Erfolleg bedeelegt.
An der Paus stoung et schonns 5:0. Elo stinn eis Jongen an der 1/16 Final.
 
Goaler hu geschoss: Ibrahim Carlak (4), Jasmin Babacic (2), Pierre Baustert, Yanis Zaim, Nils Zügel
 
Weider geet et an enger Woch am Championnat (1. Klass) mam véierten Spilldag um Galgebierg géint Fola Esch. Allez Jongen, allez Monnerech.
 
#wearefcm