Eis Reserven klappen de Leader Hesper


18 October 2023

 Um Dënschden den Owend huet eis zweet Ekipp hire fënnefte Championnatsmatch an der éischter Klass géint de Leader Hesper gespillt. Dass déi mat enger Ekipp komme géifen déi gespickt mat Spiller aus dem Kader vun hirer éischter Ekipp ass war kloer. Esou war dem Trainer Marc Depienne seng Usprooch virum Match kloer: Weist net ze vill Respekt a spillt äre Fussball andeems dir eng gesond Aggressivitéit un den Dag leet. Esou sinn déi Monnerecher Jongen dann och op den Terrain gaangen an hätten och misse mat 1:0 a Féierung goen nodeems si 3-4 gutt Aktiounen haten. Kuerz virun der Paus huet dunn awer de Swift de Goal geschoss.

An de Paus sot den Trainer zu de Spiller si sollen esou weider maachen an da géifen si och belount ginn. Leider ass awer an der 53. Minutt den 0:2 gefall. War dat d'Entscheedung? Wäit gefeelt well nëmmen zwou Minutte méi spéit huet den Oguzhan Kaylesiz op 1:2 verkierzt. An eis Jongen hu gekämpft bis si an der 78. Minutt nees duerch den Oguzhan Kaylesiz ausgeglach huet. An si hunn sech net ginn a wollte méi. An tatsächlech sollt hinnen an der 82. Minutt e weidere Goal geléngen. Den Anasse Bekhaled huet dee fir seng Faarwen eragesat. Um Schluss war d'Resultat 3:2 fir den FC Monnerech a Spiller wéi Maurice Deville, Ken Corral, Moussa Seydi an Dominik Stolz si mat eidelen Täschen heemgefuer. Esou bleiwen eis Jongen op der zweeter Plaz mat just engem Punkt manner wéi de Swift Hesper.Bravo Jongen, virun esou enger Leeschtung kann een nëmmen den Hutt zéien.Allez FC Monnerech

Gespillt hunn: D. Husovic, P. Baustert, A. Bekhaled, J. Branca, A. Konté, J. Babacic, F. Stopp, J. Swistek, I. Carlak, O. Kaylesiz, J. Silva
Op der Bänk waren: G. Croughs, D. Mengue, F. Rolgen, Y. Zaim,  
#wearefcm