Ouschtercup 2024: Monnerech zwee mol virop
Foto vun Marco Bertamé
01 April 2024
Ouschterméinde war net nëmmen den éischten Abrëll mä och déi 20. Oplag vum Monnerecher Ouschtercup. Enn deen se all matgemaach huet ass de Jupp Biever.
D'Wieder war net immens. Et huet mat Reen ugefaangen, dann ass et dréche ginn a pénktlech fir Präisiwwerreechung huet et dann hefteg gereent. Och nomëttes ass et mat Reen ugaange befiert d'Sonn dominéiert huet. An dann ass fir d'Präisiwwerreechung nees en décke Schluet erofkomm. Kuerz duerno huet den Himmel sech nees opgedoen.
Déi 20. Oplag vum Ouschtercup war awer och eng Première fir de Meederchersfussball. Aacht Ekippen Jeunes Filles waren dobäi. Et waren dëst Käerjeng, -Jonglënster, d'Ent. Déifferdeng-Luna, den F91 Diddeleng, Beetebuerg an dann d'Ent. Wuermer-Mënsbech-'Maacher déi op déi drëtte Plaz komm sinn, den SC Ell déi Zweet gi sinn an de Stader Racing deen dëst Turnéier dominéiert huet a sech déi éischte Plaz geséchert huet.
Bei de Bambinis huet de Progrès vun Nidderkuer virum FC Monnerech an dem CSP Réhon (F) gewonnen
Moies hunn och nach d'Minimes gespillt. Monnerech 4 huet an der Finall Monnerech 3 mat 3:0 dominéiert. Dat waren eis Minimes vum zweete Joer géint eis Minimes vum éischte Joer. Bravo u béid Ekippen. Op déi drëtte Plaz koum d'UN Käerjeng 97
Nomëttes ware Kategorie Pupilles, Poussins a Scolaires drunn.
Ugefaange mat de Pupilles wou et nees e Monnerecher Succès gouf. Monnerech 1 huet sech an der Finall kloer mat 4:0 géint de Red Star Märel-Belair duerchgesat déi op déi zweete Plaz koumen. Déi Escher Fola ass op déi drëtte Plaz komm.
Bei de Poussins huet déi Escher Fola déi éischte Plaz gemaach iwwerdeems d'UN Käerjeng 97 Zweete gouf an den FC Monnerech d'Coupe vun der drëtter Plaz krut.
D'UNA Stroossen huet bei de Scolaires dominéiert. D'Union Titus Péiteng koum op déi zweete Plaz an den FC Monnerech 1 op déi drëtte Plaz
Fir den FC Monnerech war et trotz dem Abrëllswieder en erfollegräicht Turnéier. Sportlech gesi gouf et fir den FCM mindestens eng Coupe an all Kategori, ausser bei de Meedercher wou den FCM keng Ekipp huet. Et goufen sechs Coupen: Zwou éischt Plazen, dräi zweet Plazen an eng drëtt Plaz. Dat ass wierklech Top.
#wearefcm