Mam Fan-Bus op Berbuerg


15 May 2019

De Sonnden ass dee leschte Championnatsmatch vun der Saison. An dat ass ee ganz wichtegen! Dofir huet den FC Monnerech fir seng Supporter den Deplacement mam Bus organiséiert. Esou brauch net jiddereen mat sengem eegenen Auto op Berbuerg ze fueren. Mir hoffen, dass de Retour op Monnerech mat vill Freed a Feieren am Bus verbonnen ass. Kommt einfach mat an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp, dass si no enger laanger a gudder Saison et mat engem leschten Erfolleg packen fir an d'Éierepromotioun opzesteigen.

De Rdv ass de Sonnden um 14:15 Auer um Parking vum Stade Communal. De Bus fiert pünktlech um 14:30 fort