Auslousung Coupe des Jeunes


27 August 2016

Den Donneschden den Owend (26/08) huet d'FLF den éischten Tour respektiv den Tour préliminaire vun der Coupe de Luxembourg fir Jugendequippen ausgeloust.



Bei de Juniors ass et jo just en Tour préliminaire mat dräi Mätscher. Hei sinn eis Jongen nach verschount bliwwen a fänken méi spéit mam éischten Tour vun der Coupe du Prince un.



Eis Cadets spillen doheem géint d'Entente Munneref/Schengen.



Eis Scolaires, Minimes a Poussins brauchen all nach net am Tour préliminaire un ze trieden. Am ugehaangenen Dokument fann der de komplette Programm.

2016_08_26 Tirages Coupe Jeunes.pdf