Auslousung Coupe des Jeunes


16 October 2016

Schonns en Donneschden den Owend huet d'FLF den nächsten Tour vun der Coup de Luxembourg fir Jugendequippen ausgeloust.



Heibäi kréien eis Juniors de 5. November an der 1/16 Finale vun der Coupe du Prince et doheem géint d'Entente Stroossen/Mamer ze dinn. Stroossen/Mamer spillt grad wéi Monnerech an der drëtter Klass, féiert den éischten Bezierk allerdéngs mat 15:0 Punkten un.



Dem Bernard Siebert seng Scolaires hunn de 5. November och Heemrecht. An der 1/32 Finale empfänken si Olympia Chrëschtnech/Waldbëlleg.



Schlussendlech geet et och bei de Minimes ëm 1/32 Finale déi den 5. November ausgedroen gëtt. An och dem Christophe Fery seng Jongen hunn Heemrecht. Si empfänken d'AS Housen.



Am Anhang fann der de PDF-Fichier mat der kompletter Auslousung

2016_10_13 Tirages Coupe Jeunes.pdf