Comeback vum Eltrona Ouschtercup

Foto vun Joffrey Bourgeois



18 April 2022

No zwee Joer Abstinenz wéinst der Corona Pandemie, huet den FC Monnerech sech mega gefreet, dass dëst Joer endlech eisen traditionelle Ouschtercup konnt ausgedroen ginn. An all Jugendspiller an Elteren op vu Monnerech oder vun deenen aneren Ekippen sécher och.

Fir déi 18ten Editioun ass sech entscheet ginn fir eis dës Kéier just op véier Kategorien op Ouschterméinden ze konzentréieren. Deemno manner Ekippen och bei de Poussins wou wéi an deenen aneren Kategorien mat 12 Ekippen ëm Coupen gekämpft gouf.

Bei bal summerlechen Temperaturen déi un der 20 Grad-Grenz gekraazt hunn, sinn iwwert dee ganzen Dag ongeféier 500 Leit duerch Keess gaange déi bezuelt hunn. Dozou kommen nach all déi dobäi déi schonns en Ticket am Virverkaf kaf haten. Jiddefalls waren eisen Haaptparking an deen vun der Kartingspist vum ACL struppevoll, an dat ware ca. 450 Plazen. Vill Leit hu sech missen iwwerall parken wou et nëmmen gaangen ass. Den FC Monnerech huet et sech net huelen gelooss fir déi 40 ukrainesch Flüchtlingen déi an engem Hotel an der Monnerecher Gemeng logéiert sinn, ze invitéieren. Den FC Monnerech ass méi wéi zefridden wéi d’Turnéier ofgelaf ass. Alles huet geklappt an Fräiwëlleger gouf et der wéi ëmmer vill. Zemools déi hannert dem Grill sinn déck an d’Schweessen komm. Hire Stand huet gefluppt. Awer natierlech och deen vun de Buvetten. Elo schonns seet den FCM hinnen all e grousse Merci.

Moies ass et um hallwer néng mat de Bambinis an de Minimes ugaangen

Bambinis:

An der Grupp A ass Käerjeng dem FC Monnerech op déi éischte Plaz komm. D'Grupp B huet den CSP Rehon souverän mam maximum vun der Punkten virun der Escher Jeunesse fir sech entscheet.

An der klenger Finall huet den FCM an engem spannenden Match d'Jeunesse mat 3:2 néiergekämpft an huet esou déi 3. Plaz gemaach. D'Finale war och ganz spannend. Hei huet d'UN Käerjeng 97 sech mat 1:0 géint CSP Rehon duerchgesat

1. CSP Rehon, 2. UN Käerjeng 97, 3. FC Monnerech, 4. Jeunesse Esch

Hei all d'Resultater


Minimes:

Ganz spannend goung et an der Grupp A zou wou Mamer (11 Punkten) sech virun Weiler (10 Punkten) an Hesper (9 Punkten) klasséiert huet. Grupp B war eng kloer Saach fir den FCM II deen op de maximum vun de Punkte koum. Zweeten gouf hei Ettelbréck.

Yellow Boys Weiler gouf Drëtten nom 3:2 géint d'Etzella Ettelbréck. An der Finall konnt den FC Monnerech II sech knapp géint den FC Mamer 32 duerchsetzen a wënnt bei de Minimes.

1. FC Monnerech II, 2. FC Mamer32, 3. Yellow Boys Weiler-la-Tour, 4. Etzella Ettelbréck

Hei all d'Resultater


Nomëttes ass et dann mat de Pupilles an de Poussins

Pupilles:

Käerjeng klasséiert sech an der Gripp A virun Red Star Märel. An der Grupp B kënnt Thionville virun Tricolore Gaasperech.

De Match ëm déi drëtten Plaz wënnt Red Star Märel mat 2:1 géint Tricolore Gaasperech iwwerdeems US Thionville Lusitanos Académie d'Finale kloer mat 3:0 géint UN Käerjeng 97 gewënnt.

Den FC Monnerech kënnt op déi 8. Plaz nodeems si mat 0:1 géint ES Villerupt Thil verluer hunn.

1. US Thionville Lusitanos Académie, 2. Käerjeng, 3. Red Star Märel-Belair, 4. Tricolore Gaasperech

Hei all d'Resultater


Poussins:

Am Grupp A huet Mamer sech duerchgesat. Déi zweete Plaz war ganz ëmstridden. Märel hat hei eng besser Goldifferenz wéi Weiler a koum op déi zweete Plaz.

Am Grupp B setzt den CSP Rehon sech virum FC Monnerech III duerch.

Den FC Monnerech III verléiert dann mat 0:2 géint den Red Star Märel-Belair a kritt Coupe vun der véierten Plaz. Déi vun der éischter Plaz geet un den FC Mamer 32 deen an enger spannender Finall 2:1 géint den CSP Rehon wënnt.

1. FC Mamer 32, 2. CSP Rehon, 3. Red Star Märel-Belair, 4. FC Monnerech III

Hei all d'Resultater

Esou ass dëst Joer nees e ganz erfollegräichen Ouschtercup zu Enn gaangen wou den FC Monnerech all Benevole, de Sponsoren, der Gemeng an dem CIGL, de Jugendspiller an hiren Trainer esou wéi den Zuschauer e grousse Merci seet. An elo gëtt dann nees alles ofgerappt an preparéiert fir de Spëtzematch vun e Sonnden wann eis éischt Ekipp géint den Tabellenéischten Käerjeng untrëtt. Si huet eng reell Chance fir um Enn vun dëser Saison an d'BGL Ligue opzesteigen. Kommt op de Stade Communal an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp. Si brauch et a wäert alles ginn fir iech net ze enttäuschen.

 

#wearefcm