Éischte Mee Feier

Foto vun Marco Bertamé



02 May 2017

Trotz schlechtem Wieder hunn der e puer dat duerchgezunn wat si all Joers maachen, nämlech an de Bësch goen fir de Meekranz ze maachen. Deen hänkt elo um Terrain 1 an ass schéi grouss a gréng. Viru Mëtteg ass iwwerdeems d'Griller waarm gelaf sinn, den Apero beim syntheteschen Terrain gedronk ginn. Et war fir jiddereen eppes do an't Kanner konnten um Terrain Fussball spillen. D'Wieder huet och matgemaach, Reen ass et nämlech kee méi ginn. Esou konnten d'Leit bei engem gemittlechen Patt a engem gudde Maufel mateneen schwätzen. Duerno war dann eng richteg lass um Terrain, well et war jo Coupe du Prince um Monnerecher Stade Communal. An do waren gutt 1250 Leit duerch Kees gaangen.



Photogalerie: http://www.fcmondercange.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2019