Éischte Mee Feier beim FCM

Foto vun Marco Bertamé



01 May 2019

Et ass eng Traditioun, dass den éischten Mee um Monnerecher Fussballterrain gefeiert gëtt. Schonns fréi waren déi ganz haart um Dill a sinn an de Bësch gaangen wou si de Meekranz gebonnen hunn. Duerno ass et zesummen op de Stade Communal gaangen wou de Meekranz dann bei der Buvette beim syntheteschen Terrain opgehaangen gouf. Och de Buergermeeschter huet dem Monnerecher Fussball e kuerzen Besuch ofgestatt. Ab hallwer Zwielef ass et dunn den Apero ginn. D'Griller an d'Friteusen sinn waarm gelaf a jiddereen konnt sech zerwéieren. D'Kanner hunn iwwerdeems um syntheteschen Terrain Fussball gespillt, wat soss! Bei schéinstem Fréijoerswieder ëm déi 20 Grad ass esou jiddereen op seng Käschte komm.