FCM II wënnt Spëtzematch

Foto vun Marco Bertamé



21 October 2022

De Freiden den Owend war um Dribbel zu Käerjeng de Spëtzematch aus der zweeter Klass wou den den Éischten géint den Zweeten géinteneen gespillt hunn. Um Enn hunn dem Marc Depienne seng Jongen verdéngt déi dräi Punkten mat Heem geholl. De Mann vum Match war ouni Zweiwel de Paul Bossi dee grad esou vu Spillfreed gestrotzt huet an déi dräi Monnerecher Goler geschoss huet.


De Marc Depienne huet deene folgenden Eelef d'Vertrauen geschenkt: Husovic, Semedo, El Amraoui, Fall, Baustert P., Felten (C), Kerstenne, Sahraoui, De Sousa D., Rolgen E., Bossi. Op der Bänk souzen Babacic, Baustert M., Alunni A., Kintziger

Et ass direkt zur Saach gaangen. Dobäi huet Monnerech dee besseren Start erwëscht. Den Dany De Sousa an de Paul Bossi wiesselen an der 7. Minutt hir Positioun. Leschteren mëscht an Appel de Balle an ass méi schnell wéi säi Géigespiller a kann sech dann am Eent géint Eent géint de Golkipp duerchsetzen. Et steet 0:1. Och duerno ass den FCM II nach déi besser Ekipp a schéngt alles am Grëff ze hunn. E Fräistouss vun 20 m deen de Paul Bossi an der 19. Minutt schéisst geet ganz knapp iwwert d'Kräiz. Déi zwou Ekippen ginn schéin an Zweekämpf ouni awer geféierlech virun de Goal ze kommen. Monnerech verléiert e bëssen de Fuedem an an der 35. Minutt kënnt e Corner vu Käerjeng op den zweete Potto, gëtt an d'Féiss vun engem Käerjenger Spiller ofgewiert deen vun der Strofraumgrenz ganz kuckeswäert ënner d'Lat donnert. 1:1 a keng Chance fir den Dzemil Husovic am Monnerecher Gol. Elo ass Käerjeng méi staark an no engem Ball an Déift an der 43. Minutt kënnt den Dzemil Husovic gutt eraus an degagéiert mam Fous.

Déi zweet Hallschent ass grad un wou dee spillfreedegen Paul Bossi no eng flotten Service vum Eric Rolgen den 1:2 markéiert. D'UNK II léisst awer net labber a geet drun. Schonns an der 49. Minutt fannen si glécklech awer och iwwerluet den Ausgläich. No engem ofgewierten Ball kritt ee Käerjenger Spiller de Ball op 18m a schéisst iwwerluet an de lénksen Eck. Den Dzemil Husovic stoung bei dëser Situatioun falsch a kënnt net méi drun. Käerjeng verlaangt Monnerech alles of an de Match ass op. Monnerech huet e puer Goalchancen, mä entweder kann de Golkipp ofwieren oder e Verdeedeger steet richteg oder et ass Abseits. An der 78.' kritt den UNK II en interessanten Fräistouss zougesprach. Den Dzemil Husovic mécht seng Saach ganz gutt a geet de Ball em kuerzen Eck eraushuelen a wiert en a Corner of. Esou hält hien seng Ekipp am Match. Zwou Minutten drop ass et dann nees de Paul Bossi deen mat engem Schoss aus 25 m deen och eng Flank hätt kënne sinn d'Entscheedung mécht. De Ball lant iwwert dem Golkipp am Netz. 2:3, an dorunner sollt sech trotz 5 Minutten Nospillzäit sech näischt méi änneren. 

Monnerech hëlt esou déi dräi Punkten aus der Braustad mat Heem an ass elo mat 18 Punkten aus sechs Mätscher eleng un der Spëtzt. Weider esou Jongen.


#wearefcm