FCM wënnt Pappenturnéier

Foto vun Marco Bertamé



11 January 2020

Um Samschden den Owend war am Kader vum Wantercup traditionell nees Pappeturnéier ugesot. Schlecht ass et fir déi Monnerecher Pappen ugaangen. Mat engem 1:1 sinn si an d'Turnéier gestart. Am zweeten Match wannen si ganz souverän mat 3:0, mussen dann awer eng batter 0:1 Néierlag astiechen wou awer dominéiert haten. Si hunn sech awer duerno nees gutt zeréck kaf an engem ganz gudden an haartemkämpften Match géint Fransousen vun Boulange mat 2:1 gewonnen. Duerno hunn si hir zwee lescht Mätscher och nach gewonnen an stoungen um Enn op der éischter Plaz mat 13 Punkten. Zweeten gouf Amis des Sport Boulange (F) mat 11 Punkten grad wéi den FC Talent aus der Millebaach an dem Red Star Märel Belair déi dem Turnéier trei bleiwen an all Joer nees dobäi sinn. Socom Team Calcio, den FC Brates an Socom Team Loco hunn Tabell ofgeschloss. Duerno gouf natierlech gutt gefeiert, egal ob een gewonnen oder verluer hat.